Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Basket: Den T71 kritt mam Yves Defraigne en neien Trainer

RTL

© AFP Archivbild

Wéi den T71 Diddeleng e Samschdeg iwwert déi sozial Reseaue wësse gedoen huet, kréie si en neien Trainer. Den Jimmie Lee Taylor huet iwwerdeems verlängert.

Den Yves Defraigne iwwerhëlt den Trainerposte beim T71. Den Tom Schumacher hat jo annoncéiert, vun nächster Saison un net méi wëllen op der Trainerbänk zu Diddeleng sëtzen, op d'mannst net bei den Hären. Hie këmmert sech an Zukunft ëm d'Jugend am Veräin.

Mam Defraigne kritt den T71 en erfuerenen Trainer un d'Säit gestallt, dee schonn Ekippe wéi Gent, Mons an Tréier trainéiert huet.

Dann ass et awer och d'Nouvelle, dass den Amerikaner Jimmie Lee Taylor säi Kontrakt fir eng weider Saison verlängert huet.