Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Bestëmmt Zone ronderëm de Fluchhafen: Finanziell Hëllefe fir Schallschutz vu Wunnengen ze verbesseren

Bestëmmt Zone ronderëm de Fluchhafen

RTL

© RTL Archiv

Proprietäre vu Wunnengen a verschidden Zone ronderëm de Fluchhafe kënnen elo ënner bestëmmte Konditioune vu finanziellen Hëllefe profitéieren.

Dat deelt d'Regierung en Dënschdeg de Moien an engem Communiqué mat. Den entspriechende Gesetzprojet gouf adaptéiert, deemno si lo iwwer 2.600 Adressen eligibel.

Et sinn elo méi Elementer op der Lëscht, déi kënne verbessert ginn an ënnert anerem ginn och d'Montanten erop.

Mat bis zu 16.000 Euro fir en Haus an 8.000 Euro fir en Appartement kann ee vum Staat dobäi gehollef kréien, d'Isolatioun ze verbesseren.

Weider Infoen an de Formulaire fënnt een op www.guichet.lu an der Rubrik Logement.