Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

BGL Ligue: Ettelbréck gewënnt Optaktmatch géint Péiteng

Béid Géigner haten an der vergaangener Saison laang mam Ofstig ze dinn a waren um Enn mat zwee Punkten Ecart op der 10. respektiv 11. Tabelleplaz gelant.

Fir den Optakt vun der neier Saison hat d'Etzella Ettelbréck e Samschdeg den Owend d'Union Titus Péiteng op Besuch a gewënnt um Enn mat .

An den éischte Minutte vum éischte Match an der neier Saison war Péiteng optesch besser, ma bis op ee Fräistouss op d'Lat gouf et net vill ze notéieren. Duerno koum d'Etzella besser an de Match, ma och hinne sollt kee Gol geléngen. No enger schwaacher éischter Hallschent goung et mat engem verdéngte 0:0 an d'Kabinn. No der Paus war Péiteng déi besser Formatioun, mee et huet un der néideger Prezisioun gefeelt. Genee an där Phas huet d'Etzella duerch de Ferreira Figueiredo den 1:0 markéiert. D'Gäscht ware beméit, op d'mannst nach ee Punkt mat Heem ze huelen, mee de Ferreira Figueiredo huet mat sengem zweete Gol per Eelefmeter an der Nopsillzäit alles kloer gemaach.

E Sonndeg am Nomëtteg ass et dann d'Suite vum 1. Spilldag am nationale Futtballchampionnat. De leschte Match gëtt e Méindeg den Owend tëscht dem Champion F91 Diddeleng an der Escher Jeunesse gespillt.

Entdeckt déi nei Saison an der BGL Ligue mat Radio-Reportagen, de Kaderen a Fotoe vun de Spiller online op RTL.lu.

RTL-Artikel: BGL Ligue: 2022/2023: Virschau op déi nei Saison an der héchster Divisioun am Lëtzebuerger Futtball

RTL-Artikel: BGL Ligue: 2022/2023: Eng Saison, 16 Ekippen an nëmmen ee Champion

D'Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D'Tabell

RTL