Luxembourg

Bundesliga: Lewandowski zitt mam Gerd Müller gläich, Mainz bleift éischtklasseg

Am Match géint den SC Freiburg ass dem Robert Lewandowski dës Saison de 40. Gol gelongen an huet domat de Rekord vum Gerd Müller agestallt.

Um 33. Spilldag ass et an der däitscher Bundesliga am Kampf géint den Ofstig héich hiergaangen. Augsburg bleift duerch eng Victoire an der Bundesliga, an och Mainz bleift mam Leandro Barreiro ouni selwer gespillt ze hunn weider éischtklasseg. Dogéint musse Köln, Bremen a Bielefeld weider am Tabellekeller zidderen. Zu Freiburg gouf et iwwerdeems en historesche Gol fir de Robert Lewandowski.

Am Duell géint den Ofstig ass et tëscht Hertha a Köln kee Gewënner ginn. Zu Berlin si keng Goler gefall a sou ass de Match no 90 Minutten mat 0:0 op en Enn gaangen. Duerch eng verpasste Victoire muss den 1.FC Köln um leschte Spilldag weider zidderen, fir net de Wee an d'2. Bundesliga untrieden ze mussen. D'Hertha huet sech dogéint duerch de Punktgewënn gerett a spillt och nächst Saison an der héchster däitscher Liga.

Am zweeten Duell géint den Ofstig ass et fir Bremen zu Augsburg duerch eng 0:2-Defaite den nächste Réckschlag ginn. Den FC Augsburg louch fréi an Ënnerzuel, ma och Werder huet kuerz no der Paus ee Spiller verluer. An der 57. Minutt war et dann de Khedira, deen d'Lokalekipp a Féierung brénge konnt. Um Enn bleift Augsburg duerch eng Victoire der Bundesliga erhalen, wärend Bremen ee Spilldag viru Schluss op d'Relegatiounsplaz rutscht.

Zu FreiburgFC Bayern en historesche Gol gefall. De Lewandowski huet duerch en Eelefmeter säi 40. Saison-Gol an der Bundesliga geschoss an doduerch de Rekord vun der Bayern-Legend Gerd Müller gläichgestallt. No weidere Goler vum Gulde, Sané a Günter ass d'Partie am Breisgau ouni Gewënner op en Enn gaangen.

An enger geckeger Partie konnt sech SchalkeFrankfurt duerchsetzen. D'Hoffnung op eng Champions-League-Plaz ass fir d'Eintracht domat immens kleng ginn.

Zu Leverkusen hu sech Bayer an Union Berlin mat engem 1:1 d'Punkte gedeelt. De Wirtz konnt d'Werkself a Féierung bréngen, ma am zweeten Duerchgang war et de Pohjanpalo dee fir de Gaascht ausgeglach huet.

Kee Gewënner gouf et och an der Partie tëscht Bielefeld an Hoffenheim. De Kramaric huet d'TSG op der Alm fréi a Féierung bruecht, ma de Voglsammer konnt an der 23. Minutt ausgläichen. Um Enn ass et beim 1:1 bliwwen a sou muss d'Ekipp vu Bielefeld och um leschte Spilldag nach géint den Ofstig spillen.

Zu Gladbach gouf et fir de VfB Stuttgart eng 2:1-Victoire. D'Borussia konnt zwar duerch e Gol vum Stindl a Féierung goen, ma den Endo an de Kalajdzic hunn de Match an der zweeter Hallschent gedréint an domat déi dräi Punkte fir Stuttgart geséchert.

Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.

Football news:

Brighton refused to sell White to Arsenal for 40 million pounds, but the clubs are in talks
Lineker on the possible choice of England's opponent in the playoffs: If you are afraid to play with France or Germany, you will not win the tournament
Milan, thank you for everything. Chalhanoglu said goodbye to the club, moving to Inter
Inter announced the transfer of Chalhanoglu. Contract - until 2024
Enrique on leaving the Spanish national team: Are you kidding? I'm thinking about extending my contract
Herta tries to bring back the Boateng brothers. Kevin-Prince agrees, Jerome wants to play abroad
Grandpa isn't dead! I'm almost 35, but the passion is like a 20-year-old. Giroud about his place in the French national team