Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Cargozenter: Protestpiquet um Findel - Personal wëll Garantië vun hirem aktuelle Patron

Déi dräi Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-SNEP ruffen e Freideg fir d’Protestaktioun op.

Et geet drëms, datt d'Luxair sech aus dem Handling vum Cargozenter zréck zitt. D'Leit maache sech Suergen, wéi et weidergeet, hu vill Froen a fille sech vun hirem aktuelle Patron am Stach gelooss. Eng 1.200 Salariée si betraff.

Ufank August war jo bekannt ginn, dass de Verwaltungsrot vun der Luxair decidéiert hat, sech aus dem Handling am Cargozenter zeréckzezéien. Doriwwer weise sech vill Salariéen enttäuscht. Et hätt ee léiwer gehat, d’Airline hätt d’Soumissioun weider iwwerholl, ass vu Gewerkschaftssäit ze héieren. Elo fäert een ëm sozial Acquisen.

D'Gewerkschafte gesinn hei zwee Problemer: No 27 Joer wëll d'Luxair d'Aarbechter am Cargozenter net méi beschäftegen an d'Direktioun schéngt sech keng Suergen ëm hir Employéen ze maachen, seet den LCGB-Vertrieder Paul de Araujo. Zil vun der Gewerkschaft ass et, fir d'Acquisen, déi am Kollektivvertrag vun der Luxair fir d'Personal drastinn, ofzesécheren. An och wëll een dat jorelaangt Engagement vun de Salariéen unerkenne loossen. Fir dës Saachen ze klären, haten d'Gewerkschafte scho verschidde Reunioune mat de Vertrieder vun der Luxair a weider Gespréicher si geplangt. D'Aarbechter wëlle Garantië vun hirem Patron an en Engagement, datt hir Acquise garantéiert bleiwen.

Protestpiquet um Findel / Interview Diana Hoffmann

Den Delai vun den ëffentlechen Ausschreiwunge leeft Enn Oktober aus. D'Luxair bedeelegt sech wéi gesot net dodrun. Dräi Acteure wieren interesséiert, hat et geheescht, dorënner och d'Cargolux.

D'Police hat schonn en Donneschdeg viru méigleche Perturbatiounen am Trafic ronderëm de Findel gewarnt.