Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Cargozenter um Findel: Beonrouegt Personal organiséiert e Protestpiquet

RTL

© David Steichen

Déi 3 Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-SNEP ruffen e Freideg fir d’Protestaktioun op.

Et geet drëms, datt d'Luxair sech aus dem Handling vum Cargozenter zréck zitt. D'Leit maache sech Suergen, wéi et weidergeet, hu vill Froen a fille sech vun hirem aktuelle Patron am Stach gelooss. Eng 1.200 Salariée si betraff.

Den Delai vun den ëffentlechen Ausschreiwunge leeft Enn Oktober aus. D'Luxair bedeelegt sech wéi gesot net dodrun. 3 Acteure wieren interesséiert, hat et geheescht, dorënner och d'Cargolux.

D'Police hat schonn en Donneschdeg viru méigleche Perturbatiounen am Trafic ronderëm de Findel gewarnt.