Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

CGDIS: 3 Blesséierter bei Accidenter

RTL

E Mëttwoch den Owend respektiv en Donneschdeg de Moien hat et op 3 verschiddene Plazen op eise Stroosse geknuppt.

Géint 18.40 Auer waren tëscht Piisseng a Lampech en Auto an e Moto aneneegerannt. Dobäi gouf eng Persoun verwonnt. D'Ambulanz vum Asazzenter Suessem-Déifferdeng an d'Secouriste vu Monnerech waren op der Plaz.

5 Minutte méi spéit gouf dann eng Persoun an der Rue du Dix Septembre zu Wolz vun engem Auto ugestouss. Hei war d'Ambulanz vu Wolz am Asaz.

Ëm 3.20 Auer en Donneschdeg hat dann en Auto um CR176 tëscht dem Rouden Haff an dem Vesquenhaff e Bam ze pake kritt. Hei waren d'Ambulanz aus dem Asazzenter Käerjeng-Péiteng op der Plaz.