Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Clierf : D'Firma Tarkett GDL stécht a Schwieregkeeten

RTL

D'Gewerkschaften OGBL an LCGB annoncéieren um Freideg de Mëtteg e Plan de maintien dans l'emploi. Um Site zu Klierf schaffen den Ament eng 500 Leit.

De Spezialist fir Buedembeleeg huet Problemer wéinst der Konjunktur an huet mat den Nowéie vun der Pandemie ze kämpfen. D'Zil ass et, Licenciementer ze evitéieren. De Plang leeft iwwer 8 Méint a gesäit ënner anerem Preretraiten a fräiwëlleg Departe vir.

D'Gremie vun de Gewerkschafte mussen nach gréng Luucht ginn.

Tarkett ass zënter méi wéi engem hallwe Joerhonnert zu Lëtzebuerg aktiv. D'Virgänger-Entreprisë hu Sommer an Eurofloor geheescht a waren zu Wolz.