E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 806 bliwwen ass.

Aktuell si 67 Persounen hospitaliséiert, dovunner 29 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.933 aktiv Infektiounen. 66.183 Persoune gëllen als geheelt.

4.105 Mënsche kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 2.880 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 269.883 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,93. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.