Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Critérium Du Dauphiné: 7. Etapp: Succès fir de Carlos Verona, Roglic iwwerhëlt d'Féierung am General

E Samschdeg stoung déi 7. Etapp vum Critérium du Dauphiné um Programm. Et war eng schwéier Biergetapp iwwer 134,8 Kilometer vu Saint-Chaffrey op Vaujany.

Nodeems de Leader am Klassement Wout van Aert et am Ufank probéiert hat an eng Echappée ze kommen, hunn et awer schlussendlech 18 anerer Coureure gepackt, an d'Echappée vum Dag ze kommen. Mat dobäi war och de Mark Donovan vun der Ekipp DSM, deen sech am Col de la Croix de Fer ofgesat huet. 38 Kilometer viru Schluss ass hien awer erëm agefaange ginn a kuerz drop hu sech mat Mühlberger, Verona, Elissonde, Lafay und Rolland fennef Coureuren ofgesat. Déi 5 sinn och zesummen iwwert de Sommet gefuer an hate nach ronn 2 Minutten Avance op de Peloton.

Hannendrun huet aus Lëtzebuerger Siicht  de Kevin Geniets den Tempo am Peloton gemaach an de grousse Grupp huet sech doropshin massiv verklengert. Duerch seng Aarbecht huet hien awer och kuerz virum Sommet den Uschloss verluer. An der Descente konnt de Peloton de Retard verkierzen.

Virun der leschter Montée vun der 2. Kategorie louchen de Carlos Verona an de Kenny Elissonde un der Spëtzt an de Verona huet direkt attackéiert. Am Peloton huet de beschte Jonken Etahn Hayter misse lassloossen an et goufen eng Rei Tempoverschäerfungen. Fir de Carlos Verona sollt de Virsprong awer duergoen an hien huet seng 1. Victoire vu senger Carrière gefeiert. De Primoz Roglic (Jumbo-Visma) konnt sech op de leschte Kilometer vu senge Konkurrenten ofsetzen a koum op déi 2. Plaz. Säin Teamkolleeg Jonas Vingegaard huet sech déi 3. Plaz geséchert. De Kevin Geniets gouf um Enn den 51. op iwwer 8 Minutten.

Am General huet de Primoz Roglic d'Féierung virum Vingegaard an dem Ben O'Connor (AG2R) iwwerholl.

Um Sonndeg steet eng weider Biergetapp um Programm.

D'Klassement vun der Etapp







7 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
8 MEINTJES Louis Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,


...

 De General