Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dëse Freideg: Das Blaue Sofa setzt sech zu Lëtzebuerg néier

Eng Couche, en Auteur bzw. eng Autorin an e Publik. Dat ass d’Rezept vum Format "Das Blaue Sofa".

Das Blaue Sofa huet sech zanter 1999 virun allem op gréissere Buchmessen, ewéi déi vu Frankfurt oder Leipzig, en Numm gemaach.

Dëse Freideg sollt déi literaresch Couche de Wee an de Grand-Duché fannen. Grond dofir sinn engersäits d'Ausstellung 1848 am Nationalarchiv, ewéi och den 175. Gebuertsdag vun eiser Constitutioun.

Gläichzäiteg huet de renomméierten Auteur an Historiker Christopher Clark säin neiste Wierk "Frühling der Revolution" erausbruecht. E Wierk, dat sech mat genau dëser Period ausenanersetzt. En Zoufall, deen ze schéin ass, fir e sech entgoen ze loossen.

International bekannt gouf de Christopher Clarke ënner anerem duerch säi Buch "The Sleepwalkers", an deem den australeschen Historiker op d'Originne vum Éischte Weltkrich ageet. E weidert historescht Evenement mat Parallellen zu haut.

Informatiounen zum Owend an zum Auteur fënnt een um Site vum Institut Pierre Werner. D'Plaze fir dës Soirée si leider schonns vergraff.