Honnertdausende Mënsche riskéieren an Hongersnout ze falen, iwwer 1,4 Millioune Kanner wiere scho staark ënnererniert, warnt Care.
D'Har vun Afrika leit ënnert der schlëmmster Dréchent zanter 40 Joer. An Ethiopien, Kenia a Somalia sinn UN-Zuelen no iwwer 15 Millioune Mënsche mat engem grousse Manktem u Liewensmëttel konfrontéiert. Donieft kämpft d'Regioun am Nordoste vum afrikanesche Kontinent mat Konflikter, Iwwerschwemmungen, der Corona-Kris an der Heespréngerplo. Donieft kënnt, dass iwwer 90% vun de Weess-Liwwerungen aus Russland an der Ukrain kommen. Well et awer wéinst dem Krich an der Ukrain un Importer feelt, sinn d'Liewensmëttelpräisser staark an d'Luucht gaangen.
Wéi d'Hëllefsorganisatioun Care mellt, wieren tëscht Januar an Enn Abrëll iwwer 3.500 staark ënnererniert Kanner a gesondheetlech Infrastrukturen ageliwwert ginn, wat e Plus vun iwwer 60% ass par rapport zum Joer virdrun.
Och de Weste vun Afrika steet kuerz virun der schlëmmster Liewensmëttelkris zanter 10 Joer. Den Informatioune vu Care no kéinten am Juni 43 Millioune Mënschen un Honger leiden, wat 1/3 méi ass wéi nach 2021.