Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Dreck um Stauséi: Ass et wierklech esou schwéier Dreck an eng Poubelle ze geheien?

D’Gemeng Esch-Sauer kennt de Problem scho laang an et kascht se all Joers iwwer 100.000 Euro, ma si kréien d’Situatioun net an de Grëff.

Wann d’Temperature klammen, da ginn d’Leit och gären eraus an d’Natur, natierlech am Léifsten op Platzen, wou ee sech och ofkille kann. De Stauséi ass dowéinst extrem beléift. Grillen, chillen, schwammen, e flotten Nomëtte verbréngen, wann dono den Dreck net wier. All Joers bitt sech der Gemeng dat nämmlecht Bild. Dreck, dee verschiddener einfach leie loossen, an dëst obwuel et genuch Poubelle ginn.

Idyllesch, schéin, roueg, an der Woch emol, wa Weekend ass an d’Wieder spillt mat, gesäit et dann éischter net méi esou propper aus. Iwwerall gëtt Dreck hannerlooss, an dëst obwuel et genuch Méiglechkeete ginn dësen ze liquidéieren. De Buergermeeschter vun Esch Sauer, de Marco Schank, kennt scho laang d’Situatioun an obwuel dëst d’Gemeng all Joers iwwer 100.000 Euro kascht, kréie se d’Situatioun net an de Grëff.

Ëmmer nees gesinn d'Botz-Ekippen Iwwerreschter vun Iessen a Gedrénks, an obwuel et fix Grillplaze ginn, brénge Verschiddener et esou guer nach fäerdeg e puer Meter niewent dem Grill hiert Fleesch um Buedem ze grillen an d’Wiss ze zerstéieren. Esou huet och viru kuerzem d’Gemeng vun Esch-Sauer sech e Bild vun der Situatioun gemaach.

Och de Jean-Luc Linster vum CGDIS kennt d’Situatioun. Reegelméisseg gesäit hien, wa si de Weekend iwwer fir d'Sécherheet um Stau suergen, wat d'Léit esou hannerloossen.

Domadder net genuch...  och d'Kolleege vum Jean-Luc Linster musse reegelméisseg um Stauséi Feier läschen. Verschidde Saache gehéieren dann awer net an e Container, esou ewéi Reschter Äschen.

Trotz villen Aktiounen, esou ewéi de Ranger, deen do uewe fir Uerdnung suerge soll, an net bei jidderengem beléift ass, klappt et net mat deem wat den Dreck ugeet.

Am Endeffekt bleift dëst wuel e Problem, dee mer esoubal net aus der Welt schafen, well d'Fro bleift weiderhin net beäntwert: huet d'Erzéiung versot , oder wéi wëll een engem erklären, dass Dreck an eng Poubelle gehéiert an net an d'Natur?