Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

E Méindeg de Moien: Nawell vill Accidenter a Blesséierter op eise Stroossen

Géint kuerz virun 8 Auer e Méindeg de Moie goufen et ënnert anerem 3 Blesséierter bei enger Kollisioun tëscht 3 Autoen.

Geschitt ass dëse Virfall op der N5 zu Helfent bei Bartreng, dat an Direktioun Märel. Wéi gesot sinn hei direkt 3 Gefierer net laanschtenee komm. D'Rettungsekippe vu Mamer, Bartreng a Stroossen waren am Asaz.

Kuerz virdrun, géint 7 Auer koum et zu engem Accident tëscht 2 Autoen, dat um CR154 vun Alzeng a Richtung Siren. Hei gouf keng Persoun blesséiert.

Géint 08.40 Auer koum et dann zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen op der Cloche d'Or, méi genee an der Rue Emile Bian. Eng Persoun gouf blesséiert. Hei waren d'Rettungsekippen aus der Stad op der Plaz.

Um 09.30 Auer krute sech dann nach op der Areler A6 a Richtung Arel eng Camionnette an en Auto ze paken. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.