Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Emotional Victoire a Schottland: Ukrain steet an der Finall vun de WM-Playoffs

D'Ukrain huet an de Playoffs vun der europäescher Qualifikatioun fir d'WM 2022 Schottland geklappt. Elo spillt d'Ekipp géint Wales ëm dee leschten Ticket.

E Mëttwoch den Owend huet d'Ukrain mat 3:1 (1:0) zu Glasgow géint Schottland gewonnen a sech domadder fir d'Finall vun de WM-Playoffs qualifizéiert. E Sonndeg um 18 Auer spillt déi ukrainesch Ekipp zu Cardiff géint Wales ëm dee leschten europäeschen Ticket fir d'WM 2022 am Katar. De Gewënner kritt et bei der WM am Grupp B mat England, dem Iran an den USA ze dinn.

De fréieren Dortmunder Andrij Jarmolenko (33'), de Roman Jaremtschuk (49') an den Artem Dowbyk (90+5') hunn e Mëttwoch den Owend fir d'Ukrain markéiert. Dem Callum McGregor (79') ass de Gol fir d'Schotte gegléckt.

D'Matcher am Playoff-Tournoi hätten eigentlech scho sollen am Mäerz gespillt ginn, goufen awer wéinst dem russesche Krich an der Ukrain verréckelt. Russland war vun der Fifa vun de Playoffs ausgeschloss ginn.