Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Energiekäschte klamme massiv: Och de Stroum kéint ronn 35 Prozent méi deier ginn

Et sinn net nëmmen d'Gaspräisser, déi ëm 80 Prozent an d'Luucht ginn, mä vum nächste Joer u gëtt och de Stroum méi deier.

Et ass fir vill Stéit eng weider Hiobsbotschaft: Beim Stroum muss ee mat enger Hausse vun ongeféier 35 Prozent rechnen.

Déi 35 Prozent dierfte pro Stot an der Moyenne 300 Euro d'Joer ausmaachen, seet de Claude Simon, dee bei Enovos responsabel ass, fir d'Vente vun Energie. Hien explizéiert, datt dës Hausse mam méi deiere Gas zesummenhänkt.

"De Stroum gëtt eben och zu engem Deel mat Gas produzéiert. De Gaspräis ass, wéi mer scho virdru soten, extrem an d'Luucht gaangen, dat huet dann och en Impakt op de Stroumpräis."

De Wanter iwwer gëllt et also net just Masutt a Gas ze spueren, mä och mam Stroum muss ee méi lues maachen.

Et ass och net gewosst ob et mat der Hausse vu 35 Prozent gedoen ass. Déi betreffen nämlech just d'Energie u sech. De Präis vum Stroum setzt sech awer aus méi Elementer zesummen.

"Mir schwätzen elo hei iwwert d'Energie, dir hutt awer och nach Elementer wéi d'Netznotzungsentgeld an esou virun. Ob do elo eng Variatioun kënnt oder net, dat kann ech iech net soen."

Eng vun de Léisungen sinn déi alternativ Energien heescht et ëmmer erëm. Kuerzfristeg kënnen déi awer och net genuch kompenséieren.

"Mir schwätze vun der Photovoltaik. Dir hutt natierlech d'Situatioun Photovoltaik hutt der am Dag, hutt der am Summer. Et ginn Zäiten do hutt der keng Photovoltaik, do musst der anescht Stroum produzéieren. Dir hutt Wandkraaft wou vill drop geschafft gëtt, Waasserkraaft. Waasserkraaft natierlech an deem aktuelle Kontext mat der Dréchent ass dann och erëm méi e komplizéierte Sujet. Do gëtt wierklech drop geschafft a mëttelfristeg iwwert déi nächst Joren, kann een dovunner ausgoen, datt een do wierklech vill areecht."

Kuerzfristeg kann de Konsument sech dovunner awer och näischt kafen, well deen huet souwisou schonn e Lach am Portmonni.