Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ennepetal (DE): E Fleeger soll op d'mannst 14 demenzkrank Mënsche sexuell mëssbraucht hunn

An engem Fleegeheem zu Ennepetal an Nordrhein-Westafalen soll et zu engem schwéiere Fall vu Sexual-Gewalt komm sinn.

En 51 Joer ale Fleeger soll hei zanter 2021 Patiente sexuell mëssbraucht hunn. Um Ufank war den zoustännege Parquet nach vun 9 Affer ausgaangen, ma e Freideg huet et vun engem Spriecher vum Parquet geheescht, dass een antëscht vu 5 weideren Affer ausgoe misst.

Et wier iwwerdeems net auszeschléissen, dass et nach weider Affer géif. D'Festplacken, séi ee beim Verdächtege saiséiert hätt, wieren nach net vollstänneg ausgewäert ginn. De Mann ass zanter Mëtt Juli an Untersuchungshaft.

D'Police hat no engem anonymmen Tipp ugefaange ze enquêtéieren. En Aarbechtskolleeg hat de presuméierten Täter nuets plakeg am Zëmmer vun enger Patientin gesinn, wéi hie sech plakeg iwwer dëser hiert Bett gehalen huet. Biller, déi beim Mann fonnt goufen, haten de Verdacht verstäerkt.