Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Finanzministère: Reprise vu Cardoso "theoretesch" méiglech, mee komplex

D'Reprise vun engem Betrib wier esou scho juristesch komplex, ëmsou méi, wann et sech, wéi bei Cardoso, ëm e Betrib handelt, dee scho Faillite ass.

An anere Wierder, eng Reprise vun der Baufirma Cardoso duerch de Staat ass theoretesch méiglech. An den allermeeschte Fäll géing esou eng Reprise awer wirtschaftlech kee Sënn maachen.

Dat äntwert de Finanzministère op Nofro hin, nodeems déi Lénk dat jo gefuerdert hunn. De Ministère erkläert, datt de Staat u sech éischter zäitweileg Participatiounen a Betriber hëlt bis se sech reorganiséiert an nei opgestallt hunn, zum Beispill duerch d'staatlech Investitiounsbank SNCI. Dat géing ëmmer vu Fall zu Fall analyséiert ginn, mat der zentraler Fro ob et de Salariéen oder dem generellen Interessi vun der nationaler Ekonomie hëlleft oder net.

De Ministère erënnert donieft un all d'Mesuren, déi et gëtt, fir Betriber ze hëllefen, ewéi zum Beispill d'Kuerzaarbecht oder nach d'Ausléine vu Mataarbechter.