Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Fir zwee Ministèren: Inauguratioun vum neien "Tour A" um Kiechbierg

An dat neit Gebai um Kierchbierg kommen de Ministère de la Fonction publique mat all sengen Entitéite wéi och de Ministère de la Sécurité intérieure.

A Presenz vum Minister fir d'Mobilitéit an d'ëffentlecht Baue François Bausch, dem Minister fir bannescht Sécherheet Henri Kox an dem Minister vun de Fonction Publique Marc Hansen gouf dat neit Gebai um Kierchbierg ageweit.

Hei solle ronn 350 Poste fir Mataarbechter vum Ministère vun der Fonction publique hikommen ewéi och d'Plaz fir 400 Visiteuren, déi een hei all Dag empfänkt, fir ënner anerem u wichtege Projeten ze schaffen oder Formatiounen unzebidden. De Gros vum Gebai gëtt vun dësem Ministère an Usproch geholl.

Den 11. Stack ass da fir de Ministère fir bannescht Sécherheet reservéiert.

Mam Ëmbau vum Gebai gouf am September 2021 ugefaangen an déi total Käschte belafe sech op 31,5 Milliounen Euro.