Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Géint d'Liewensmëttelkris: Bauerenzentral begréisst Derogatioune vum Landwirtschaftsministère

Flächen, déi brooch leien, wiere fir Betriber verluere Flächen. Deementspriechend frou wier een, datt een dës Felder awer elo mobiliséiere kéint.

Rezent huet de Landwirtschaftsministere Mesuren decidéiert, fir enger méiglecher Liewensmëttelkris entgéintzewierken. Terrainen, déi broochleien, däerfe mobiliséiert ginn. Och sinn Derogatioune bei der Rotatioun vun de Kulture méiglech. D’Bauerenzentral begréisst des Decisiounen.

Bauerenzentral iwwer Derogatiounen - Rep. Sabrina Backes

Der Bauerenzentral no misst Lëtzebuerg alles maachen, fir eng Liewensmëttelkris ze verhënneren. Flächen, déi brooch leien, wiere fir Betriber verluere Flächen. Demenstpriechend frou wier een, datt een des Felder awer elo mobiliséiere kéint. D’Europäesch Agrarreform hat nämlech festgeluecht, datt ëmmer een bestëmmten Undeel u Surfacen net dierft benotzt ginn.

De Christian Wester, President vun der Bauerenzentral: "Dat ass eng Fuerderung gewiescht vun der grénger Säit vun der Politik, déi sech domat erhoffen d’Biodiversitéit ze verbesseren, woubäi ee muss soen, wann déi brooch Fläch schlecht gemanaged gëtt, dass dat och fir d’Biodiversitéit ee Schoss an den Uewe ka ginn. Ech mengen d’Bauere wësse gutt wéi se schaffen an do sollt net Jänni a Männi, dee säi Liewe laang hannert engem Schreifdësch sëtzt do dra funken."

Baueren, déi wëllen d’Mesurë vum Landwirtschaftsministere ëmsetzen, misste sougenannte Bléisträifen nieft de Felder uplanzen, dëst fir d’Biodiversitéit kënnen ze erhalen. D’Bauerenzentral fënnt des sënnvoll, mee huet hei eng konkret Fuerderung.

Christian Wester: "Dat si fir de Bauer onproduktiv Käschten, déi en net op säi Produkt kann ëmleeden, wou et da sënnvoll wier wann déi Blühflächen do am Kader vun dem normale Blühsträifeprogramm géinge gefërdert ginn. Et géing de Budget net esou vill belaaschten an et wier och eng Unerkennung fir déi Ëmweltleeschtungen, déi se do géingen erbréngen."

D’Centrale paysanne wënscht sech vun der Politik méi Vertrauen an hir Expertise an allgemeng och méi Wäertschätzung fir hir Aarbecht.

Christian Wester: "Ech menge mer produzéieren hei an Europa zu héchste Standarden, net nëmmen naturschutztechnesch mee och sozial a wa mer da kucken, zu wéi enge Konditioune Liewensmëttel produzéiert ginn, déi an d’ EU erakommen, do kënne mer nëmmen de Kapp rëselen. Wa mer do fair Handelsméiglechkeeten hätten, dass eis Produkter fair géinge bezuelt ginn, kéinte mer an Europa vill maachen."

Der Bauerenzentral no, misste regional Produite méi promouvéiert ginn.