Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handelskonfederatioun: Carole Muller ass nei Presidentin vun der CLC

D'Handelskonfederatioun CLC huet eng nei Presidentin. D'Carole Muller, CEO vu Fischer, iwwerhëlt de Poste vum Fernand Ernster.

Dat gouf en Dënschdeg wärend der Reunioun vum Conseil d'administration vun der CLC decidéiert. Déi nei Presidentin huet ënnerstrach, datt een eng staark Gouvernance bräicht, déi den aktuelle Krisen entgéintwierke kann, déi virun allem de Commerce an den Transportsecteur betreffe géifen.

PDF: Offiziellt Schreiwes