Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (12. August) - Meris Sehovic: Mir waren net Demandeur fir den Tankrabatt

Dat sot Freideg de Co-President vun déi Gréng als eisen Invité vun der Redaktioun.

Et ass kloer a prioritär, dass mir deenen hëllefen, déi vulnerabel sinn - déi et wierklech brauchen. Cibléiert Hëllefe fir déi, déi souwisou scho manner hunn, sot de Meris Sehovic e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

De Co-Parteipresident vun de Gréngen huet sozial Mesuren opgezielt, déi scho geholl goufen an déi och bis wäit an d'Mëttelschicht era géingen entlaaschten, wéi zum Beispill d'Erhéijung vum Revis, d'Energie-Steierkreditter, d'Re-Indexéierung vum Kannergeld an d'Erhéijung vun der Allocation de vie chère. Och wann d'Präisser vum Gas a vum Stroum am Hierscht respektiv Ufank d'nächst Joer unzéien, misst ee sécherstellen, dass et e Sozialnetz gëtt wat d'Leit opfänkt.

Den Tankrabatt vu 7,5 Cent um Liter Sprit wier genee déi Zort vun Hëllef, déi een net wéilt, well se näischt géif bréngen. Et wier eng Géisskane-Politik, déi iwwerall e bëssi Sue géing streeën, awer sozial-politesch keen Impakt hätt. Déi Gréng wieren net Demandeur derfir gewiescht, mä et war eben Deel vun engem Kompromëss an der Tripartite an dofir géingen déi Gréng dat och matdroen, huet de Meris Sehovic erkläert. De Partei-Co-President mengt net, dass dëse Kompromëss schlecht géing bei de grénge Wieler ukommen. Am Contraire géing et weisen, dass een och a schwéieren Zäite kéint Responsabilitéit fir d'Land iwwerhuelen.

"Ech si kee Fan vu roude Linnen an Zäiten, wéi mer se elo erliewen", esou de Meris Sehovic zur Fro op et Sujete ginn, op deenen déi Gréng keng Kompromësser géinge maachen. Wann awer Enn des Joers eventuell nees géing iwwer d'Erhéije vun der CO2-Steier gestridde ginn, géing hien dat net gëlle loossen. Dëst wier eng wichteg Mesure géint de Klimawandel a géing och sozial kompenséiert ginn, esou eisen Invité.

Invité vun der Redaktioun: Meris Sehovic

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.