Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (8. August) - Andrew Ferrone: Mir wäerten ëmmer méi dacks mat Canicullen an Dréchenten ze kämpfen hunn

Dat sot de Klimatolog a Chef vum ASTA-Meteoservice am Landwirtschaftsministère e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Bis d'Joer 2050 op d’mannst wäerten d’Moyenne-Temperature weider bei eis an d'Luucht goen. Bis zu deem Joer solle mer et jo fäerdeg bréngen, fir d’CO2-Emissiounen op 0 erofgedréckt ze kréien. Dat sot den Andrew Ferrone e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

De Klimatolog a Chef vum ASTA-Service am Landwirtschaftsministère seet, dass mer an den nächsten 28 Joer och mat ëmmer méi héijen Temperatur-Spëtzte musse rechnen, well och d‘Moyenne-Temperature klammen. Souguer wa mer d'Klimazil erreechen, fir déi global Temperatur op 1,5 Grad ze limitéieren, wäerten d'Temperature weider an d'Luucht goen an deemno och Dréchenten zouhuelen. Donieft géingen dann awer och déi extrem Nidderschléi ëm 20 Prozent méi heefeg ginn. Trotzdeem geet de Weltklimarot dovun aus, dass mer et fäerdeg kënnen bréngen, fir d'Klimaziler ze erreechen, wann an den nächste Jore konsequent ëmgeduecht gëtt. All d'Solutioune géingen um Dësch leien, mee d'Mënsche missten hiert Verhalen änneren an déi erneierbar Energië misste massiv eropgesat ginn, sou de Klimatolog.

D'Repercussiounen op d'Landwirtschaft kéint ee fir dëst Joer nach net ganz virausgesinn, de Bilan géing am September gemaach ginn. Bei de Kären dierft de Schued net esou grouss sinn, well se nach virun der Dréchent konnten erageholl ginn, mee beim Mais misst ee lokal mat Katastrophe rechnen. Am Wäibau kéint et souguer esou sinn, dass dëst Joer fir d'éischte Kéier och déi eeler Riewe betraff si vun der Dréchent. Bis ewell waren et ëmmer just déi jonk Riewen, déi hu misste genat ginn. Och a punkto Quantitéit dierft et dëst Joer net sou déck ginn, sou den Invité. Dofir dierft dann awer d'Qualitéit zum Beispill beim Rouden definitiv besser sinn. D'Baueren an d'Wënzer misste sech dofir an Zukunft upassen: sief et beispillsweis duerch nei Produiten, déi se ubauen, wéi Soja oder nei Cepagen op der Musel, wou Roude Wäin ëmmer méi normal wäert ginn, sou de Klimatolog Andrew Ferrone.

Invité vun der Redaktioun: Andrew Ferrone

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.