Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Klima a Mobilitéit: Jongbauere fuerderen a scho schwéieren Zäite Planungssécherheet vun der Politik

Déi staark Variatioune beim Wieder sinn och en Defi fir d'Lëtzebuerger Baueren.

Vum naassen 2021, iwwer dréche Joren 2020 an 2022, bis 2023 mat staarke Variatioune vu Mount zu Mount. Laangfristeg wäerten déi ronn 1.500 Betriber, déi et nach hei zu Lëtzebuerg gëtt, net derlaanscht kommen, sech dem Klima unzepassen. Dofir brauchen d'Bauere Planungssécherheet. An déi feelt, mat Bléck op d'Politik.  ''Vun der Politik erwaarden ech mer, eng Politik vun den Ureizer an net vun de Verbueter. Ech erhoffe mer, datt mer kënnen zesummeschaffen. Nëmme mat eis an net ouni eis. Datt mer am Dialog schaffen. Mir sinn offen, fir mat der Politik zesummenzeschaffen an nei Weeër ze fannen'', sou d'Marthe Bourg, Presidentin vun der Landjugend a Jongbaueren.

Nei Weeër wäert d'Landwirtschaft misse goen. Änneren, kënnen d'Baueren d'Wieder net. Sou heescht et, sech upassen. Zu Stackem sëtzt d'Famill Bourg op Mëllechkéi. Eng 100 Béischte stinn um Haff. Iwwert der nationaler Moyenne. D'CO2-Emissiounen sinn en Thema am neien Agrargesetz. Eng grouss Entwécklung am Déiereberäich gëtt gebremst. All zweeten Dag kënnt de Camion eng 4.000 Liter Mëllech ofhuelen. Fir d'Véi ze fidderen, ouni mussen nozekafen, heescht et Wisen a Felder geréieren.

"Natierlech mécht ee sech Suergen. Et iwwerleet een, wéi kann ee mat där Dréchent oder mat deene Wiederextremer eens ginn?", sou d'Marthe Bourg, wat den Impakt vu Reen an Dréchent eleng op d'Gras-Produktioun uschwätzt.

2.586 Kilometercarré kléng, ginn et an der Landwirtschaft hei am Land awer grouss Variatiounen, vu Regioun zu Regioun. Dofir kéint een zum Beispill och net pauschal soen, Mais sollt kee méi ugeplanzt ginn. Nei Zorte sinn en Thema, fir d'Wieder-Extremer z'iwwerbrécken. Do brauche jonk Bauere scho Loscht an Häerz, fir e Betrib z'iwwerhuelen.

"Den Ament hu mer nach eng 1.500 Betriber. Et kann een awer soen, datt all Generatioun, also ongeféier 25 Joer, sech d'Zuel u Betriber hallwéiert huet. Dat elo gekuckt op déi lescht Honnert Joer. An ech denken, datt wa mer esou viru fueren, déi Entwécklung eendeiteg och wäert op d'mannst am selwechten Tempo virufueren. Dat heescht, d'Betriber wäerten zwangsleefeg méi grouss ginn, well aner Betriber ophalen, sou datt Land fräi gëtt", sou de Charel Ferring, Co-President vun der Landjugend a Jongbaueren.

Och de hie weist drop hin, datt mam Klimawandel vill Produktioune wäerte méi schwéier ginn. D'Bauere wäerte sech missen upassen. Dobäi kommen nei Reglementer, diktéiert vun der Politik. "Do ass ganz vill Wandel", sou de jonke Bauer, deen eent ze bedenke gëtt:

"Mir sinn e Gréngland-Standuert. An dat Gréngland kann ee fir mënschlech Ernierung nëmmen notzen, wann et duerch e Wiederkäuer geet. Dat heescht, d'Déireproduktioun a wéi enger Form och ëmmer, wäert oder muss menger Meenung no e Bestanddeel vun der Landwirtschaft bleiwen."

Gëtt Wäert op Nohaltegkeet geluecht, da brauch Lëtzebuerg och weider e Schluechthaus, fir kuerz Weeër bei den Déierentransporter.

Sech méi breet opstellen ass keen Tabu. Dofir muss d'Politik awer realistesch plangen. Beispill: Geméis, wat méi Waasserintensiv wéi Kären ass.

Hei proposéiert de jonke Bauer, wéi ee Quellen, déi net fir d'Drénkwaasserproduktioun genotzt ginn, gebrauche kéint, fir zum Beispill Geméis-Ubau ze netzen. Mat Stockage am Wanter.

Konkreet Virschléi vum Terrain, un d'Politik.