Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lëtzebuerg fréier an haut: De Fetschenhaff a seng Doudeg

De Fetschenhaff a seng Doudeg

Aarm Leit, Weesekanner a Prisonéier gouf et ëmmer schonn zu Lëtzebuerg. An der Stad si si op der Rhum ënnerkomm. Begruewe goufe se um Fetschenhaff.

Aarm Leit, Weesekanner a Prisonéier gouf et ëmmer schonn zu Lëtzebuerg. An der Stad si si op der Rhum ënnerkomm. Begruewe goufe se um Fetschenhaff.

Lëtzebuerg, dat räichst Land vun der Welt oder am räiche Lëtzebuerg gëtt de Risk, an d'Aarmut ofzerutschen, vu Joer zu Joer méi grouss.

Esou Sätz suerge reegelméisseg fir Diskussiounen. Datt et och am Grand-Duché ëmmer scho manner bemëttelt Mënschen gouf, ass Fakt. Leit, déi op der Strooss gelieft hunn. Weesekanner an och Prisonéier.

No hirem Dout, hu si an der Stad eng Plaz um Fetschenhaff fonnt. E Kierfecht, deen och e Symbol vun der haiteger Aart a Weis ass, fir mat der Vergaangenheet ëmzegoen.