Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Matten am Reebësch: Brittesche Journalist a Brasilien verschwonnen - eng Persoun festgeholl

Déi brasilianesch Autoritéiten hunn nom Verschwanne vun engem britteschen "Guardian"-Journalist an engem brasilianeschen Expert ee Verdächtege festgeholl.

De 57 Joer ale Korrespondent Dom Phillips an de Bruno Pereira, Expert fir indigen Ugeleeënheeten, ware matten am brasilianesche Reebësch un der Grenz zu Peru verschwonnen, wärend si Recherche fir ee Buch iwwer Gewalt géint indigen Leit bedriwwen hunn. Enger Organisatioun no wieren d'Männer virun hirem Verschwanne menacéiert ginn. Virun allem de Pereira, dee vir eng Regierungsagence fir indigen Ugeleeënheete schafft, krut viru sengem verschwanne reegelméisseg Menacë vun illegalen Holzfäller a Minnenaarbechter, déi probéieren op dem Gebitt vun den Indigene Profit ze schloen.

Sechs Leit wiere vun den Autoritéite befrot ginn, ier ee Verdächtege festgeholl gouf. Ob de Mann an enger direkter Verbindung zum Fall steet, gouf iwwerdeems net bekannt. Zeien hätte gesinn, wéi de Mann dem Boot vum Phillips a vum Pereira nogefuer wier. Mord wier net auszeschléissen, et géif een awer hoffen, d'Männer nach liewend erëmzefannen. Alle Piste géif nogaange ginn, esou d'Ermëttler.