Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Méchels-Feier: Virtuell Kriminalitéit ass ee vun de groussen Defie vun der Police

Um Méchelsdag gëtt traditionell de Beamte geduecht, déi hiert Liewen am Déngscht verluer hunn. De Generaldirekter huet awer och an d’Zukunft gekuckt.

En zefriddenen Generaldirekter vun der Police war en Donneschdeg viru Mëtteg am Cercle Cité virun iwwer 100 Polizisten a Vertrieder vun der Justiz an der Politik ze gesinn. De Philippe Schrantz huet d’Policereform vun 2018 gelueft, an déi grouss Rekrutementscampagne, déi nach ëmmer amgaangen ass. Duerch dës kéint besser an adequat op Ännerungen am Beruff reagéiert ginn. Déi staatlech an administrativ Prozedure missten elo awer och nach iwwerduecht ginn, sou eng vun de wéinege Kriticken. D’Beamte missten an Zukunft méi mobil schaffe kënnen, an et dierft manner Zäit verluer goen, fir Informatiounen ze iwwerpréiwen.

De Generaldirekter gesäit dann zwee grouss Defie fir d’Gesellschaft, an domat och fir d’Police. Een dovunner ass déi virtuell Welt. Fir der Kriminalitéit op där Plaz meeschter ze ginn, bräicht ee Spezialisten. An Norwegen, Dänemark an Holland géifen et scho méi laang virtuell Patrullen a Kommissariater ginn. Domat géif et och an der virtueller Welt en Uspriechpartner ginn. Besonnesch jonk Leit géinge vill vun hirer Zäit online verbréngen.

RTL

© Police Luxembourg

"En anere Beräich, dee munche Sécherheetsexpert fir d’Zukunft als méi grouss wéi den Terrorismus gesäit, si sozial an demografesch Entwécklungen a Migratiounen", resuméiert de Philippe Schrantz. Dës wiere bedéngt duerch de Klimawandel, Ressourcëmanktem, Krich an ekonomeschen Ursaachen. E Facteur, dee géing riskéieren déi sozial Stabilitéit an den Ordre public ze impaktéieren.

D’lescht Joer hätt d’Police da vill an de Schlagzeile gestanen. Wat awer och géing dru leien, dass e Waljoer wär, an do d’Sécherheet ëmmer e wichtege Sujet wier. "Als Chef vun enger Verwaltung, déi un d’Neutralitéit gebonnen ass, mëschen ech mech prinzipiell net a politesch Debatten an", sou de Generaldirekter, deen en Donneschdeg och keen Interview wollt no sengem Discours ginn. Verschidde Schlagzeile wieren awer och selwer verschëlt gewiescht. Mä Poliziste wiere Mënschen, an net onfeelbar.

Méi politesch ginn, konnt dogéint de Grénge Policeminister a senger Ried. "Lëtzebuerg ass ëmmer nach eent vun de sécherste Länner vun der Welt, mee och mir hu Problemer", sou den Henri Kox. Dofir hätt een d’Police an de leschte Joren an dräi Beräicher gestäerkt:

  1. Dem Rekrutement. D’Police hätt an de lëschten 3,5 Joer 33 Prozent méi Nettoeffektif kritt
  2. Et hätt een investéiert, moderniséiert a reforméiert
  3. Et hätt een sech fir eng gedeelter Responsabilitéit fir méi Sécherheet staark gemaach. Fir d’éischt kéim d’Preventioun an dono eréischt d’Repressioun.

Bei der Sécherheet wier net gespuert ginn, an e chronesche Manktem u Personal endlech behuewen, sou de Minister.