Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Mobilitéitskonzept Belval: Tram-, Bus- a Vëlosverbindunge solle verbessert ginn

Mobilitéitskonzept Belval

RTL

Um Belval huet den Auto aktuell 10 mol méi Plaz wéi den ëffentlechen Transport.

Bannent den nächsten 10 Joer awer soll dee Ratio 1:1 sinn, mat enger Tram-, Bus- a Vëlosverbindung op Esch an op Suessem.

Déi zoustänneg Ministeren a Buergermeeschter hunn um Donneschdeg zesumme mam Urbanismusbüro Agora dat neit Mobilitéitskonzept fir de Quartier presentéiert. Donieft sollen och méi Beem geplanzt a Gréngflächen entstoen, grad wéi Carsharing a Luedstatioune fir Elektroautoen. An enger éischter Etapp gouf schonn eng provisoresch bidirektional Vëlosspuer ageweit, fir déi um Boulevard des Lumières eng Spuer gespaart gouf.