Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Nations League: Nees keng Victoire fir Frankräich

Liga A

Fir Frankräich leeft et aktuell alles anescht wéi ronn an der Nations League. E Freideg den Owend gouf et am drëtte Match op en Neits keng Victoire fir de Weltmeeschter. Zu Wien ass ee géint Éisträich net iwwert een 1:1 (0:1) erauskomm. Den Andreas Weichmann hat d'Heemekipp no enger schéiner Kombinatioun an der 37. Minutt a Féierung bruecht, den agewiesselten Mbappé hat an der Schlussphas ausgeglach (83'). Fir d'Victoire ass et fir d'Fransousen trotz gudde Chancen awer net duergaangen.

Frankräich hat am éischte Match géint Dänemark verluer an duerno géint Kroatien och gläichgespillt.

Kroatien konnt sech déi éischt Victoire an der Nations League sécheren. Géint déi staark dänesch Ekipp konnt ee sech no engem Gol vum Pasalic an der 69. Minutt iwwer dräi Punkte freeën.

Dänemark steet am Grupp 1 vun der Liga A mat 6 Punkten un der Spëtzt. Éisträich a Kroatien hu 4 Punkten a Frankräich huet der 2.

Liga B

Russland - Island (Ofgesot)

Liga C

Liga D


1:0 Nicolaescu (5', Eelefmeter), 1:1 Gutkovskis (19'), 1:2 Ikaunieks (26'), 1:3 Gutkovskis (60'), 2:3 Motpan (64'), 2:4 Ikaunieks (75')