Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

No Zëmmerbrand: 15 Blesséierter, dovun ee méi schro, no Feier an nordrhein-westfälesche Spidol

RTL

© AFP Archivbild

En Donneschdeg den Owend koum et kuerz no 23 Auer am stättesche Spidol zu Hemer an engem Zëmmer vun engem Patient zu engem Feier.

D'Pompjeeë ware séier sur place a konnten de Brand nach um Owend selwer läschen.

Éischten Informatiounen no goufe 15 Persoune verwonnt, dorënner eng méi uerg. Sëllege Patienten hu misse verluecht ginn, well e puer vun de Kummeren duerch de villen Damp, dee sech entwéckelt hat, net méi kënne genotzt ginn.

E Freideg de Moie waren d'Pompjeeën nach am Asaz, fir Brandnäschter auszeschléissen. Iwwer d'Brandursaach ass nach näischt gewosst, Ermëttlunge goufe lancéiert.