Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Noost-Konflikt: Bommenalarm a Sireenen e Sonndeg de Moien zu Jerusalem

Bei enger neier Eskalatioun vun der Gewalt am Noen Osten sinn op d'mannst 24 Doudeger gemellt ginn, dorënner och en héije Member vum Islameschen Dschihad.

Et ass déi éischte Kéier zanter dem Ufank vun den neien arméierten Ausernanersetzunge mat der Gruppéierung Islameschen Dschihad, dass d'israelesch Arméi e Bommenalarm am Secteur vu Jerusalem mellt. Reporter vun der franséischer Noriichtenagence AFP, déi an der Stad sinn, hätte kuerz Explosiounen méi wäit fort héieren. D'israelesch Arméi huet iwwerdeems an der Nuecht op en Neits e puer Ziler an der Gazasträif attackéiert.

De Verdeedegungsminister Benny Gantz hätt den Truppen e Samschdeg den Owend den Uerder ginn, d'Missioun weiderzeféieren. Viséiert ass d'Organisatioun Islameschen Dschihad, déi no der Hamas déi zweetstäerkst militäresch Force an der Gazasträif ass. Déi militant Palestinenser hu mat massive Rakéitenattacke reagéiert.

Zanter dem Ufank vun den israelesche Loftattacken e Freideg sinn dem Gesondheetsministère vun de Palestinenser no 24 Mënschen ëm d'Liewen komm. 215 Blesséierter gi gemellt. Ënnert den Doudesaffer wären nieft de Membere vum Islameschen Dschihad och sechs Kanner an zwou Fraen.

Israel justifiéiert déi Militäroperatioun mat der Gefor déi vun der militanter Gruppéierung ausgoe géing. De Leader Taysir al-Dschabari, dee schonn doutgemaach gouf, wär responsabel fir Rakéitenattacken a geplangt Ugrëffer op Zivilisten.

Op der israelescher Säit un der Grenz goufen de Rettungsservicer no 2 Mënschen duerch Spläitere vu Rakéite verwonnt, 13 goufe beim Versich, sech a Sécherheet ze bréngen, blesséiert.

Déi Europäesch Unioun huet béid Säiten opgefuerdert, sech ze bremsen. Israel hätt "d'Recht, seng eege Bevëlkerung ze schützen", d'EU fuerdert awer "all d'Säiten zu enger gréisstméiglecher Zréckhalung op, fir eng weider Eskalatioun a weider Affer ze verhënneren", sou e Porte-parole vum EU-Aussebeoptraagten Josep Borrell.

Ägypten versicht den Informatiounen aus Sécherheetskreesser no tëscht Israel am dem Islameschen Dschihad ze vermëttelen. E Spriecher vun der Arméi huet awer schonn ausgesot, d'Truppe géife sech op en Asaz vun enger Woch preparéieren.

Déi aktuell Eskalatioun ass déi heftegst zanter Mee d'lescht Joer.