© Domingos Oliveira / RTL
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Freideg den Owend kuerz no 2 3 Auer zu engem Accident bei Schrondweiler a Richtung Steeën.
E Chauffer krut op där Streck e Bam mat sengem Won ze paken a gouf blesséiert. Weider Detailer sinn nach net gewosst.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Weider geet aus dem 112-Bulletin ervir, dass kuerz no 21 Auer zu Biwer e Gasgrill a Flame stoung an tëscht dem Heischtergronn an Eschduerf hunn d'Pneue vun engem Camion gebrannt. A béide Fäll blouf et beim Materialschued.