Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Paräisser Plaz: Camionnette an Tram net laanschtenee komm, eng Persoun liicht blesséiert

RTL

© RTL Mobile Reporter

An der Stad op der Paräisser Plaz a Richtung Gare koum et e Freideg géint 14 Auer zu engem Accident mat engem Tram.

Eng Camionnette an den Tram hu sech op der Paräisser Plaz ze pake kritt, dobäi gouf och e Potto beschiedegt. Eng Persoun am Tram soll gefall sinn a wier dobäi liicht blesséiert ginn. Um Tram gesäit ee gréisser Schied, dorënner Schréipsen an eng futtis Fënster.

© Domingos Oliveira

© RTL Mobile Reporter

© RTL Mobile Reporter

© RTL Mobile Reporter

Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.

D'Police war op der Plaz. Wéinst dem Accident koum et vun der Uewerstad a Richtung Stad zu engem Stau. Et soll een d'Plaz am beschten evitéieren.