Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

POLINDEX (2. Deel): Lëtzebuerger vernoléissegen hiert Liblingskand Panachage

Dacks heescht et, datt am Grand-Duché virun allem Käpp gewielt ginn. Ma den Trend geet éischter a Richtung vun de Lëschten.

De POLINDEX 2023 kuckt op d'Walverhale vun deene leschte Joren zeréck. D'Etude gouf vun der Chamber an Optrag ginn a vun der Uni Lëtzebuerg zesumme mat der Ilres ënnert ronn 1.000 Wieler a 500 auslännesche Residenten duerchgefouert. Haut kucke mer op de Panachage am Generellen an e bëssi méi detailléiert, tëscht wéi enge Parteie d'Wieler an éischter Linn hin an hier wiesselen. An och wéi d'Leit sech iwwerhaapt informéieren.

POLINDEX (2. Deel): Lëtzebuerger vernoléissegen hiert Liblingskand Panachage

Ugefaange mam generelle Phänomen vum Panachage. Et heescht jo ëmmer, de Lëtzebuerger géing virun allem Käpp wielen. Ma der Etude aus dem Juli no hunn 47 Prozent vun de Befroten uginn, datt se eng Lëscht wielen. 31 Prozent wëlle Kandidate vu verschiddene Lëschten hier Stëmme ginn an 22 Prozent wielen zwar keng komplett Lëscht, mee ginn hier Stëmmen awer just Kandidate vun enger bestëmmter Partei.

RTL

© Screenshot

Kucke mer eng Kéier op d'Chamberwalen 2018 zeréck, do hu 46 Prozent Lëschte gewielt, 35 Prozent Kandidate vu verschiddene Parteien an 19 Prozent just Leit vun enger Lëscht. D'Tendenz geet also éischter fort vum Panachage, hin zu de Lëschten. Bekannte Käpp aus Beräicher wéi dem Sport oder dem Journalismus op d'Lëscht ze huelen, geet also net méi duer. De Politikwëssenschaftler Philippe Poirier vun der Universitéit Lëtzebuerg erkläert dat esou.

"Les individus préfèrent les convictions personelles propres et ce que proposent les partis politiques, les programmes politiques. Donc forcément on va plutôt voter vers le vote de liste que par le panachage à l'intérieur d'une liste ou entre deux listes."

Also perséinlech Iwwerzeegungen a Programmer gi fir d'Wieler generell méi wichteg an de Panachage geet generell zeréck. Mee wéi gesäit et spezifesch mat den Unhänger vun de verschiddene Parteien aus?

Hei fält op, datt virun allem d'Unhänger vun der ADR, der CSV an de Piraten am meeschten d'Tendenz hunn hiert Kräiz bei enger Lëscht ze maachen. Am mannste verbreet ass dat Walverhale bei den Unhänger vun der DP an der LSAP. Wann et dann drëms geet, zwar keng ganz Lëscht awer just Kandidate vun enger bestëmmter Partei ze wielen, hunn d'ADR, d'CSV, déi Gréng an déi Lénk d'Nues vir.

RTL

© Screenshot

Wat d'Präferenze fir aner Parteien ubelaangt, esou zitt et beispillsweis d'Unhänger vun deene Gréngen, déi panachéieren, tëscht 40 a 50 Prozent bei d'LSAP, d'DP an d'CSV. Déi sozialistesch Panacheuren zitt et am Zentrum bei déi Liberal an am Süden bei déi Chrëschtsozial.

RTL

© Screenshot

D'Unhänger vun der CSV an der DP hu quasi déi selwecht Tendenz a schwanke mat 30 bis 40 Prozent tëscht sech géigesäiteg an der LSAP, woubäi virun allem am Süden eng Preferenz fir d'LSAP besteet. Interessant ass iwwerdeems, datt d'ADR-Unhänger fir d'éischt zur DP a réischt dono zur CSV tendéieren. Do schéngen d'ADR-Wieler net zu 100 Prozent mat den ADR-Politiker op enger Linn ze leien, well déi nennen ëmmer d'CSV als éischte méigleche Koalitiounspartner.

Äert ee weess, wien ee wielt, huet ee sech jo am Idealfall op mannst e bëssi am Virfeld informéiert. Wéi eng Medie notzen d'Leit dann, fir sech ee Bild vun de politesche Parteien an hire Proposen ze maachen?

D'Äntwert ass vläicht e bëssi iwwerraschend, well déi sozial Medie grad emol fir 8 Prozent vun de Befroten d'Haaptinformatiounsquell ass. Domadder komme Facebook, X, fréier als Twitter bekannt, Instagram a Co., anescht wéi een dat vläicht menge kéint, net un déi klassesch Medien erun.

RTL

© Screenshot

"Les médias professionels, presse écrite ou presse en ligne, vous-mêmes la radio ou la télévision étaitent toujours majoritaire au Luxembourg. Beaucoup plus que les réseaux sociaux. Bien entendu la part des réseaux sociaux a un petit peu augmenté, mais c'est toujours très majoritaire. Et le premier média professionel, c'est la radio."

Et stellt sech also d'Fro wéi vill et de Politiker wierklech bréngt, Selfie vun alle méigleche Fester op de soziale Medien ze posten. Datt d'Aarbecht vun den anere Medien net ganz laanscht d'Leit geet ass déi eng Saach, wéi si d'Qualitéit vun där Aarbecht bewäerten, dat steet par Konter op engem anere Blat.

E Mëttwoch geheie mer een drëtten a leschte Bléck op de POLINDEX.