Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Remboursement vun der CNS: Verschidde Contraceptiounsmëttele sollen uganks 2023 gratis ginn

Datt all Zorte vu Contraceptioun solle kënne vun der CNS rembourséiert ginn, ass e Projet, deen duerch d'Pandemie Retard krut.

Eréischt Ugangs d'nächst Joer kann awer elo mol domat gerechent ginn, dass et een éischte Progrès gëtt bei de Remboursementer. Viséiert sinn notamment all d'Akten ëm d'Asetze vun der Spiral, also d'Pose, d'Eraushuelen an d'Kontrolléieren. Dat erklären d'LSAP-Ministere Paulette Lenert a Claude Haagen op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun de Parteikolleege Mars Di Bartolomeo a Cécile Hemmen. Fir déi entspriechend Tariffer festzesetzen, musse sech déi concernéiert Ministèren an d'CNS mat der Societéit vun de Gynekologen eens ginn.

Donieft sollen och d'Vasektomie beim Mann an d'Sterilisatioun bei der Fra mat an d‘Konventioun erageholl ginn. D'Ministere betounen och, datt aktuell Diskussiounen am Gaang sinn, fir d'gratis Verdeele vu Kondomer nach méi breet a besser ze koordinéieren.

Wei et iwwerdeems soll virugoe mam Remboursement vun der Pëll, ass net präziséiert. Aktuell gëtt déi jo just bis een Alter 30 Joer rembourséiert, ma am Januar 2020 hat d'CNS jo zesumme mam Gesondheetsministère festgehalen, dass een d'Pëll wéilt ouni Alterslimitt zu 100 Prozent rembourséieren.