Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Robert-Koch-Institut warnt: Zika-, Dengue- oder West-Nil-Virus riskéiere sech auszebreeden

De Lothar Wieler geet dervun aus, dass sech exotesch Infektiounskrankheeten an eise Regiounen wäerte breet maachen.

Déi lescht Wochen iwwer dierften eis gewisen hunn, de Klimawandel mécht eis Summeren ëmmer méi waarm, a méi dréchen. Dat féiert laangfristeg zu Problemer fir eis Gesondheet, warnt elo d’Robert-Koch-Institut an Däitschland.

Hire President, de Lothar Wieler geet dervun aus, dass sech exotesch Infektiounskrankheeten an eise Regiounen wäerte breet maachen. An zwar well de Liewensraum fir Mécken a Mustike ganz einfach méi grouss gëtt, an déi bekanntlech jo esou Krankheeten iwwerdroen.

Als Beispiller huet de Wieler den Zika-, Dengue-, oder de West-Nil-Virus genannt, an och e Retour vu Malaria wier duerchaus méiglech.

Dorobber sollte sech d’Gesondheetssystemer laangfristeg astellen.