Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Rotterdam: Onbekannte schéisst an engem Spidol ëm sech

En onbekannten Täter huet en Donneschdeg op zwou verschiddene Plazen zu Rotterdam ëm sech geschoss.

Wéi et vun der hollännescher Police op X heescht, wieren als éischt an enger Wunneng an duerno an engem Spidol Schëss gefall. Zwou Persoune wiere blesséiert ginn. Wei uerg hir Blessure sinn, ass den Ament nach net gewosst.

Den Täter hätt Militär-Kleedung un a wier den Ament op der Flucht.

Déi éischt Schëss goufen an engem Appartement am Weste vu Rotterdam gemellt. Duerno wier e Feier an der Wunneng ausgebrach. Kuerz drop wieren da Schëss an engem Auditoire vun der Universitéitsklinik gefall. Béid Plaze leie ronn 1,5 Kilometer auserneen. Op engem Video, deen e Wëssenschaftler vun der Klinik op X gepost huet, ass iwwerdeems ze gesinn, dass och hei e Feier ausgebrach ass.

Wéi et vun der Police heescht, wieren arméiert Unitéiten amgaangen d'Spidol ze duerchsichen.