Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Scho 600.000 Hektar verbrannt: Schro Bëschbränn a Frankräich a Spuenien forcéieren d'Leit aus hiren Haiser

Déi aktuell héich Temperaturen an dee wéinege Reen suergen europawäit fir Bëschbränn. Op ville Plaze flüchte Leit virun de Flamen.

Net nëmmen an deene südleche Länner, ma och an Däitschland oder der Schwäiz ass ee mat de Konsequenze vun der Hëtztwell geplot. 600.000 Hektar Vegetatioun si bis ewell dëst Joer an Europa duerch Bëschbränn verbrannt. Domat kéint een den traurege Rekord vun 2017 briechen. Honnerte Pompjeeën an eng sëllege Läschfligere sinn europawäit am Asaz, fir d'Situatioun an de Grëff ze kréien.

Bëschbränn an Europa / Reportage Chris Meisch

Wéinst der Dréchent gouf a Frankräich an 90 vu 96 Departementer den "état d'alerte" ausgeléist. Elisabeth Borne, Premierministesch vu Frankräich zielt iwwer international Solidaritéit.

"On mobilise également l'union européenne pour relancer des commandes d'avions bombardiers d'eau et puis aujourd'hui on bénéfice pleinement de la solidarité européenne. Il y a des cannaderes grecs qui vont arriver aujourd'hui, on a aussi des avions suédois et puis on a aussi des moyens terrestres qui vont être mobilisé d'allemagne, de pologne, d'autriche de la romanie."

Ee franséische Pompjee erzielt vun hire Methoden, fir d'Flamen an de Grëff ze kréien:

"Par rapport au feu qui reprend en arrière on va raser tout le bois, enlever tous les arbres, la végétation basse, de facon que le feu ne resort pas de l‘autre coté de la route."

A ville Plazen an Europa gëtt net méi u Vakanz an Touriste geduecht, hei geet et drëms ze iwwerliewen an ze schützen, wat nach geet. Vill Leit verléieren hiert Doheem. A Spuenien wieren an dësem Joer esouvill Bëschbränn gewiescht, wéi nach ni virdrun. 197.000 Hektar Bësch wieren dëst Joer de Flamen zum Affer gefall.

En däitschen Tourist erzielt vu sengen Erliefnesser.

"Da sah man so schon auf der anderen Seite, dass das Feuer die ersten Häuser an der Bergregion erreicht hatte, die zu uns zeigten. Ja und eine ganze Minute später war das Feuer schon quasi bei uns auf der anderen Straßenseite. Der Brandrauch wurde dann wirklich so massiv, dass die ganze Sonne verdunkelt wurde, es war quasi wie in der Nacht. Ich bin wirklich so überrascht von der Geschwindigkeit, wie sich das ausgebreitet hat, so massiv. Also es war ganz dramatisch, unsere Kinder sind von dem ganzen Ereignis so schwer betroffen, die sind, so sprachlos darüber, dass von jetzt auf gleich alles zu Ende sein kann."

Awunner an ënnert anerem Portugal, Tierkei oder Griicheland mussen hiert Doheem wéinst Bëschbränn verloossen. Ma net nëmme Bëschbränn - a verschiddene Länner provozéiert d'Hëtzt nach ganz aner Problemer.

An der Schwäiz huet de Summer-Schibetrib wéinst ze grousse Gletscher-Spalte missen ofgebrach ginn. A Groussbritannien goufen eng éischte Kéier 40 Grad gemooss. Ënnert anerem zu London sinn net nëmme Bëscher vun der Hëtzt betraff, ma och den Zuch- a Fluchtransport ass deels ausgefall an et koum zu Stéierungen. Wéi et vum Londoner Fluchhafen heescht, wier den Tarmac duerch déi héich Temperature beschiedegt ginn. Fakt ass, vu Joer zu Joer ginn et ëmmer méi Bëschbränn déi och ëmmer méi fatal Ausmoossen hunn. Geforen, déi mat der Klimakris ëmmer méi zouhuelen.