Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vitali Klitschko seet Merci: Panneau vum neien "Boulevard de Kyiv" an der Stad devoiléiert

En Donneschdeg gouf de Panneau vum neien "Boulevard de Kyiv" an der Stad a Presence vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer a Stater Schäffen devoiléiert.

Och déi ukrainesch Diplomatin Nataliia Anoshyna an den Nicolas Zharov, President vun der Associatioun LUkraine, waren nieft Representanten aus dem Transportministère an de Ponts et chaussées mat derbäi.

Duerch den Numm vum neie Boulevard op der N3 wëll d'Stad Lëtzebuerg hir Ënnerstëtzung fir déi ukrainesch Populatioun ausdrécken, déi an hirem Heemechtsland mat Krich konfrontéiert ass.

De Vitali Klitschko, Buergermeeschter vu Kiew, huet der Stater Buergermeeschtesch fir d'Occasioun ee Bréif geschéckt, an deem hien der Stad fir hire Soutien Merci seet: "An dëser Zäit, hutt Dir et fäerdeg bruecht, eng symbolesch Bréck tëscht Lëtzebuerg a Kiew mam stäerkste Material an der Welt ze bauen, well et ass an den Häerzer vun de Kiewer an de Stater." De fréiere Profiboxer géif "dëse Geste vun echter Frëndschaft" héich appreciéieren. "Kiew wäert alles maachen, datt dat Gutt iwwert dat Schlecht gewënnt."

PDF: Bréif vum Kiewer Buergermeeschter Vitali Klitschko

RTL

© VDL / Photothèque Charles Soubry