Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vum Blëtz getraff: Pëtrolslager zu Kuba explodéiert, iwwer 100 Blesséierter gemellt

Kuba freet wéinst enger Brandkatastroph mat iwwer 100 Blesséierten, nodeems e Pëtrolslager vun engem Blëtz getraff gouf, no Hëllef aus dem Ausland.

D'Pompjeeën zu Kuba kämpfen zanter e Samschdeg weider géint e risegt Feier an engem Pëtrolslager. Op d'mannst eng Persoun ass ëm d'Liewe komm an 121 weiderer goufe blesséiert. 17 Leit vun de Pompjeeë gëllen als vermësst. Si haten un der viischter Front géint d'Flame am Industriegebitt gekämpft. Donieft hunn honnerte Mënschen aus dem Gebitt an der westlecher Provënz Matanzas missen a Sécherheet bruecht ginn.

Ausgeléist gouf d'Feier, nodeems e Blëtz en Tank mat Pëtrol getraff hat.

Wéi et aus dem kubaneschen Presidentenamt heescht, schwiewe 5 Persounen a Liewensgefor an och den Energieminister Livan Arronte wier verwonnt ginn.

Am Kampf géint de Groussbrand huet Kuba "befrënnt Staate mat Erfarung am Ëmgang mat Pëtrol" ëm Hëllef gefrot. De President Miguel Diaz-Canel huet Mexiko, Venezuela, Russland, Nicaragua, Argentinien a Chile Merci gesot, fir déi direkt Hëllef, déi vun do koum. Och d'USA hätten eng "technesch Berodung" ugebueden.

E Freideg den Owend war e Blëtz an engem Pëtrolstank ageschloen an hat eng Explosioun ausgeléist. Bis e Samschdeg hat sech d'Feier op e weideren Tank ausgebreet, deen dono och explodéiert ass. Wéi déi staatlech Zeitung "Granma" mellt, hätt wuel e Blëtzofleeder versot.

Wéi déi staatlech Agence Cupet nach matdeelt, wier et de bis ewell gréisste Brand iwwerhaapt a Kuba. Am éischten Tank ware ronn 26 Millioune Liter Ueleg dran, an deem zweeten 52 Millioune Liter Pëtrol.