Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg: D'Police mellt eng ganz Rei Abréch uechter d'Land

An der Hollerecher Strooss an der Stad konnt d'Police zwee Onéierlecher festhuelen. Bei hinne gouf och eng Air Soft Waff fonnt.

Wéi d'Police mellt, koum et an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg zu enger ganzer Partie Abréch uechter d'Land.

An der Hollerecher Strooss an der Stad war en Donneschdeg kuerz no Hallefnuecht e versichten Abroch an ee Gebai gemellt ginn. Bei der Iwwerpréiwung duerch d'Police konnt dëst Bestätegt ginn. D'Glas vun der Aganksdier war ageschloe ginn, ma et war awer keng Persoun an d'Gebai eragaangen.

An der Géigend vum Abroch huet d'Police ee verdächtegen Auto mat zwou Persounen entdeckt. Wärend der Kontroll huet sech de Chauffeur de Beamte widdersat an ass op ee Beamten duergaangen. Am Auto gouf wärenddeem eng Waff fonnt. Doropshi goufe béid Persounen immobiliséiert. Eng Air Soft Waff an zwee Magasinner goufe beschlagnaamt. Eng Plainte géint béid Persoune gouf gemaach an den Auto, deen net richteg ugemellt war, gouf ofgeschleeft.

Da gouf et e Mëttwoch nach eng Partie Abréch respektiv Abréchversich uechter d'Land. An der Rue Baudoin zu Hollerech gouf e Mëttwoch tëscht 14.30 Auer an 19 Auer an een Eefamilljenhaus agebrach.

An der Rue d'Audun zu Esch koum et tëscht 8.30 Auer an 9 Auer zu engem Abroch an eng Wunneng an engem Appartementshaus.

An der Rue de Moutfort zu Éiter war géint 17 Auer een Eefamilljenhaus vun Onéierlechen duerchsicht ginn.

Eng Persoun, respektiv e puer Persounen hate versicht, fir an zwee Eefamilljenhaiser anzebriechen. Si sinn awer gescheitert.

An der Avenue Pasteur um Lampertsbierg goufen tëscht 22 Auer a 6 Auer aus engem Café Alkoholfläschen a Sue geklaut.

An dann hate sech nach onbekannt Täter tëscht 19 Auer a 7 Auer an der Zone d’Activité Regionale Économique Est zu Éilereng Zougang zu enger Firma verschaaft. D'Raimlechkeete goufen duerchsicht a Géigestänn geklaut.

An all de Fäll gouf eng Plainte gemaach an d'Spueresécherung war op der Plaz.