Donieft gouf et fir Hueschtert zu Munneref näischt ze huelen an an der Partie tëscht Käerjeng a Wolz gouf et kee Gewënner.
E Sonndeg war am nationale Futtballchampionnat d'Suite vum 1. Spilldag.
Fir Déifferdeng gouf et virun den eegene Spectateuren zum Optakt eng -Defaite géint de Racing. Kuerz virun der Paus konnt de Cabral déi Déifferdenger Lokalekipp a Féierung bréngen. Net laang nodeems béid Ekippe fir déi zweet Hallschent aus de Vestiairë komm ware konnt de Francoise den Ausgläich markéieren. D'Goler vum Simon an N'Goma hunn d'Gäscht a Féierung bruecht an de Wee a Richtung Dräi Punkte fräi gemaach. De spéiden Uschlossgol vum Almeida sollt näischt méi un der Sortie vum Match änneren.
An der Partie tëscht der Fola a Stroossen hu sech déi Escher da mat duerchgesat. De Stroossener Gol zur Féierung vum Moding no enger gudder hallwer Stonn konnt d'Lokalekipp duerch en Eelefmeter nach virun der Paus ausgläichen. Ronn 20 Minutte viru Schluss huet de Correia dann déi dräi Punkte fir d'Lokalekipp mat sengem Gol zum 2:1 geséchert.
Den US Munneref huet sech doheem mat géint d'US Hueschtert behaapt. No enger éischter Hallschent ouni Goler waren et de Bekkouche an de Couto Pinto déi mat hire Goler d'Victoire fir déi Munnerefer kloer gemaach hunn.
Iwwerdeems hunn dann nach Käerjeng a Wolz gläich gespillt a fir den FC Monnerech gouf et eng kloer -Victoire géint Rouspert.
E Sonndeg den Owend um 19 Auer spillt dann nach Hesper géint de Progrès. De leschte Match gëtt e Méindeg den Owend tëscht dem Champion F91 Diddeleng an der Escher Jeunesse gespillt.
Entdeckt déi nei Saison an der BGL Ligue mat Radio-Reportagen, de Kaderen a Fotoe vun de Spiller online op RTL.lu.
RTL-Artikel: BGL Ligue: 2022/2023: Virschau op déi nei Saison an der héchster Divisioun am Lëtzebuerger Futtball
RTL-Artikel: BGL Ligue: 2022/2023: Eng Saison, 16 Ekippen an nëmmen ee Champion