Stärenzeremonie vum CHL: E Stär fir all Kand, wat et net an d'Liewe gepackt huet

Zënter 20 Joer organiséiert de CHL d'Cérémonie des étoiles. Hei gëtt de Puppelcher geduecht, déi nach am Bauch oder kuerz no der Gebuert gestuerwe sinn.

Et ass e Sujet, iwwert deen net vill geschwat gëtt, a vun deem awer eng ganz Partie Leit betraff sinn. Eleng am CHL stierft am Duerchschnëtt all Woch ee Puppelchen. Dat entweder nach am Bauch vun der Mamm oder kuerz no der Gebuert. Mir schwätzen hei net nëmme vu Feelgebuerten, mee och vu Schwangerschaftsofbréch an Bëbeeën, déi et no der Gebuert einfach net packen.

Et ass e Verloscht, dee fir d'Elteren immens schwéier ass an an der Gesellschaft net wierklech verstane gëtt. Et ass nämlech kee Verloscht wéi all aneren, wéi d'Psychologin vun der Maternité an Neonatologie am CHL Sylvie Langermann erkläert: "Déi Puppelcher ware jo nach net op der Welt oder nach net laang op der Welt. Deemno huet d'Ëmfeld vun der Koppel dacks keng Relatioun zu him. Et gi keng Erënnerungen, déi een deele kann oder Erliefnisser mam Verstuerwenen, un déi ee sech erënnere kann."

D'Psychotherapeutin Christiane Steffens-Dhaussy, déi d'Stärenzeremonie zu Lëtzebuerg mat an d'Liewe geruff huet, nennt et och esou: "E Bëbee, dee vir oder kuerz no der Gebuert gestuerwen ass, existéiert fir d'Ëmfeld nach net. E bleift virtuell." A genee dat wier de Problem, wisou d'Eltere mat hirem Verloscht dacks eleng do stinn. An der Gesellschaft gëtt de Verloscht nämlech net wierklech unerkannt oder ass net novollzéibar.

Déi meescht Leit mengen och, et misst ee just déi éischt dräi Méint iwwerstoen, well et hei méi heefeg ass, d'Kand ze verléieren. Mee et kann ee säi Kand nach bis een Dag virun der Gebuert verléieren, sou d'Sylvie Langermann. Si trëtt a Kontakt mat der Mamm oder der Koppel, wann e Puppelchen iwwerraschend wärend der Schwangerschaft verstierft.

E weideren Deel vun hirer Aarbecht ass et, d'Elteren ze begleeden, wa bei de prenatalen Tester Beanträchtegungen opfalen, déi et dem Kand net erméiglech liewensfäeg ze sinn. Hei mussen d'Elteren nämlech eng schwéier Entscheedung treffen: Hale si de Bëbee a ginn de Risiko an, en zu all Moment ze verléieren oder e schwéier beanträchtegt d'Kand op d'Welt ze setzen.

Ofhängeg vum Schwangerschaftsstadium muss virum Accouchement nach e Fetozid gemaach ginn. Dat heescht, dass d'Kand am Bauch muss doutgemaach ginn. Hei ass awer och wichteg ze soen, dass dat éischter als Erléisung vum Kand gesi gëtt, wéi als dout maachen, wéi eis och eng betraffe Mamm am Interview erzielt huet.

Nom Fetozid muss d'Mamm de verstuerwene Bëbee dacks nach accouchéieren. Dat aus biologesche Grënn. "Dat ass och psychologesch besser fir d'Mamm, och wann dat op den éischte Bléck net esou schéngt", sou d'Psychologin Sylvie Langermann. Dës weidere réit si meeschtens och dozou, de Puppelchen ze gesinn an Äddi ze soen. Esou wier den Doud méi gräifbar an de Verloscht besser ze verschaffen. Wichteg wier et och den Elteren ze weisen an ze vermëttelen, dass si net eleng sinn. An dat si si definitiv net

D'Bänken op der Stärenzeremonie zu Rued-Syr waren nämlech gerammelt voll. Hei si ganz vill Famillen, déi dat selwecht Schicksal deelen. Wärend der Zeremonie duerften d'Elteren, déi dëst Joer hiert Kand verluer hunn, den Numm op e Stär schreiwen an dësen op de Stärenhimmel hänken. Déi Elteren, déi schonn e Stär um Himmel hunn, kënnen eng Blumm dobäistellen. Dat Ganzt gëtt vun der Ekipp vum CHL organiséiert mat grousser Hëllef vu Benevollen.

Trotzdeem Erënnerunge schafen

Obwuel déi sougenannte Stärekanner guer net d'Chance kruten, ze liewen oder just ganz kuerz op der Welt waren, sollen d'Elteren awer och Erënnerungen un hire Bëbee hunn. D'Martine Pinnel huet dofir d'ASBL Stärekanner gegrënnt. Déi jonk Fotografin bitt de betraffenen Elteren an dëser Situatioun un, Fotoe vun hirem Bëbee ze maachen. Heivir kënnt si dann an d'Maternité an hält de Moment fest.

An de leschten 2 bis 3 Joer huet d'Martine Pinnel scho 47 Famille begleet a fotograféiert. Eng Routine ass et awer net. "All Fall ass immens emotional fir mech an ech ka mech bis haut un all Bëbee an un all Numm erënneren. Ech sinn einfach ee vun de wéinege Leit, déi de Puppelchen ze gesi kréien. Dat muss ee wäertschätzen."

D'Fotoe kréien d'Elteren dann och fir näischt zur Verfügung gestallt zesumme mat enger klenger Këscht, wou och Petzien an aner Erënnerungen dobäi sinn.

"Ech si Fotografin, mee ech wollt net iergendeppes fotograféieren. Ech wollt eppes Sënnvolles fir d'Gesellschaft maachen."

Enn November dann ass am CHL eng Konferenz, wou den Doud vu Puppelcher an den Ëmgang domadder Sujet ass. Hei wäerte souwuel Experten a Personal vun der Neonatologie an der Maternité schwätzen, wéi och Betraffe Mammen a Pappen hir Geschichten erzielen.


Football news:

<!DOCTYPE html>
Kane on Tuchel: A wonderful man, full of ideas. Thomas in person says what he thinks
Zarema about Kuziaev's 350,000 euros a year in Le Havre: Translate it into rubles - it's not that little. It is commendable that he left
Aleksandr Mostovoy on Wendel: Two months of walking around in the middle of nowhere and then coming back and dragging the team - that's top level
Sheffield United have bought Euro U21 champion Archer from Aston Villa for £18.5million
Alexander Medvedev on SKA: Without Gazprom, there would be no Zenit titles. There is a winning wave in the city. The next victory in the Gagarin Cup will be in the spring
Smolnikov ended his career at the age of 35. He became the Russian champion three times with Zenit

3:00 La CGFP n’oublie pas les promesses du futur gouvernement
21:14 Dortmund nimmt Kurs aufs Achtelfinale
20:45 Champions League: Wichteg Victoire fir Dortmund géint Newcastle
20:36 Basketball - 1/8 Finallen an der Coupe : Sparta, Esch, Hiefenech a Fiels sinn en Tour weider
20:20 Richter verhängt Geldstrafe gegen Trump
19:40 Basketball EuroCup: De Gréngewald an Diddeleng verléieren den drëtte Match
19:38 Volleyball Challenge Cup: Stroossen dréint de Match, Defaite fir Luerenzweiler
18:27 Mike Johnson ist neuer Vorsitzender des US-Repräsentantenhauses
17:44 Londoner Polizisten nach Kontrolle schwarzer Sportler entlassen
17:43 Engagementspräis : D'Schoul gëtt eppes eraus an d'Gesellschaft
17:30 Serie Nei Gesiichter an der Chamber: LSAP-Politikerin Claire Delcourt am Portrait
17:30 Serie Nei Gesiichter an der Chamber (2): LSAP-Politikerin Claire Delcourt am Portrait
17:30 Alimentatioun an Distributioun: Et feelt u Personal a quasi alle Beruffer
16:30 Rentrée judiciaire um Barreau: Hoffnung op Kontinuitéit bei der Justiz
16:09 Près d’une personne noire sur deux victime de racisme au Luxembourg
15:35 Beschwerden im Schulbetrieb nehmen zu
14:59 Regierungsrot: Provisoresche Budget a Poste vum Avocat Général beim europäesche Geriichtshaff
14:57 Preise und Stipendien für Eugène Anselin, Lea Reitlinger und Benjamin Kruithof
14:57 Preise und Stipendien für Eugénie Anselin, Lea Reitlinger und Benjamin Kruithof
14:51 „Das ist ein klarer Handlungsauftrag an die Regierung“
14:44 Attentat à l’Opéra de Paris : un résident du Luxembourg touché
14:09 Am Norde vum Irak: Archeologe gruewen 2.700 Joe al Skulptur vun assyrescher Gottheet aus
13:41 TikTok: 4 Millioune Videoe bannent engem Mount geläscht
13:38 Israel greift Guterres wegen Gaza-Rede an
13:24 IRL: Ëmmer méi Stroum aus erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg
13:24 ILR: Ëmmer méi Stroum aus erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg
13:19 Des Etats américains portent plainte contre Meta, accusé de nuire à la santé des enfants
13:13 La pièce « Mangez-moi » se révèle comme un cabaret gourmand
12:58 Passerell: ASBL skandaliséiert iwwer d'Decisiounen, wat den Accueil vu Flüchtlingen ugeet
11:48 Warum Proximus und LuxConnect ein Joint-Venture gründen
10:57 Abschied vom gelb-grauen 1980er-Jahre-Charme
10:25 Tour de France féminin 2024 : des Pays-Bas à la montagne des Hollandais, l’Alpe d’Huez
11:20 Un cambrioleur en fuite dans le nord du pays
11:10 Disparition d’une quinquagénaire à Echternach
11:02 No Déifstall a Buttek: Mann schléit Policebeamte mat Fauscht an d'Gesiicht
10:45 Polizei meldet mehrere Vorfälle am Wochenende
10:42 Esch : la police recherche trois individus armés
10:42 Agression à Esch : la police recherche trois individus armés
10:36 Zeienopruff vun der Police: Arméierten Iwwerfall um Gaalgebierg zu Esch
10:21 Ongléck zu Murcia: Doudeger bei Brand a spuenescher Disko
10:00 Les cinq actus qu’il ne fallait pas manquer cette semaine au Luxembourg
10:00 Elo stellen d'Kanner d'Froen!: Luc Frieden a Fred Keup am Interview
9:38 Unfälle und Autobrand am Wochenende
9:33 Turquie : attentat suicide au coeur de la capitale Ankara
9:05 Bierg-Karabach: UN-Missioun op der Plaz ukomm
8:54 Les Pays-Bas mettent fin à l’extraction de gaz du plus grand gisement d’Europe
8:10 Die Nationalbibliothek zeigt Facetten und Innenleben
8:00 [Triathlon] Le Luxembourg en force au Maroc
7:59 MotoGP: Grousse Präis vu Japan: Jorge Martin wënnt am Reechaos vu Motegi
7:47 Was sich am 1. Oktober in Luxemburg, Belgien und Frankreich ändert
7:25 Tierkei: Explosioun an der Géigend vum Parlament zu Ankara
7:22 Schwerer Verkehrsunfall mit Auto aus Luxemburg
7:22 Auto aus Luxemburg in schweren Verkehrsunfall nahe Trier verwickelt
6:52 Aktuelle Fahndung nach Einbrecher im Raum Warken und Bürden
6:52 Polizei fahndet nach Einbrecher im Raum Warken und Bürden
6:00 De Sonndesinterview mat zwou Mammen, déi e Kand verluer hunn: "Ech war net komplett, well ech d'Klinik mat eidelen Äerm verlooss hunn"
5:58 Prorussischer Populist Robert Fico gewinnt Parlamentswahl in der Slowakei
5:30 Stärenzeremonie vum CHL: E Stär fir all Kand, wat et net an d'Liewe gepackt huet
5:23 Police warnt: Abriecher op der Flucht - keng Leit am Raum Ettelbréck mathuelen
5:23 Police warnt: Abriecher op der Flucht - keen am Raum Waarken mathuelen
5:23 Police warnt: Abriecher op der Flucht - keng Leit am Raum Waarken mathuelen
5:06 Parlamentswalen an der Slowakei: Smer-Partei vum Ex-Regierungschef Fico stäerkste Kraaft
5:04 WRC Rally Chile: 2. Dag: Ott Tänak baut Féierung aus, Grégoire Munster op Plaz 16
5:00 D'Woch op RTL: Poliziste provisoresch fräi, abiméiert Walplakater a Spannen an der Wallis
5:00 [Musique] The X sort de sa tanière
3:00 [Gardiens de la nature] L’Ibla, passeur de savoir-faire
21:11 [Cyclo-cross) Loïc Bettendorff remporte l’Urban Night Cross à Reckange-sur-Mess
20:54 Basketball-Championnat: Walfer wënnt Derby géint Steesel
19:46 Handball Coupe: D'Favoritte setze sech duerch
19:07 58-Jährige wird seit Samstag vermisst
17:55 Coupe de Luxembourg: D'Fola setzt sech spéit géint Baastenduerf duerch
17:44 Tëscheruff vum Monique Kater: Schicksaler, déi Politik esouguer am Virwalféiwer kal loossen
17:30 Parlamentswalen: Wéi wielt d'Slowakei? Geet d'Ukrain-Hëllef op en Enn?
17:22 [Handball] Les Dudelangeoises sont tombées sur plus fortes
16:34 Henri Kox absolviert Sporttest der Polizei auf Socken
16:18 Internationale Futtball: ManCity kasséiert éischt Néierlag
15:55 Sieben Einsätze für den CGDIS
15:32 Bundesliga: Leverkusen spréngt provisoresch op Plaz 1
15:32 Bundesliga: Leverkusen Éischten, München kënnt no 0:2 zeréck
15:26 Um Samschdeg: De CGDIS mellt eng Rëtsch Accidenter
15:00 [Cyclo-cross] Kockelmann fidèle au poste
14:00 La Première ministre française échappe à la censure à l’Assemblée
13:10 EHF Cup: Käerjeng verléiert éischte Match a Griicheland
13:02 Putin sichert besetzten Regionen Wiederaufbau zu
12:31 Virun australescher Küst: Een Doudegen an ee Blesséierte bei Zesummestouss tëscht Boot a Wal gestuerwen
11:17 Führerschäi fort: Alkoholiséiert Chauffere verursaachen e puer Accidenter
11:17 Führerschäiner fort: Alkoholiséiert Chauffere verursaachen e puer Accidenter
10:46 Accident op der Autobunn: Camion op der A31 ëmgekippt
10:40 Polizei meldet mehrere Führerscheinentzüge
10:28 Abréch: Déi lescht Deeg waren nees Onéierlecher uechter d'Land ënnerwee
10:05 Background am Gespréich vum 30. September: Schlof-Gemengen am Norde verhënneren
9:12 Ee Joer Annexioun: Russland séchert annektéierte Gebidder Neesopbau zou
8:59 Schottland: Blesséierter bei Accident mat historescher Damplokomotiv
8:05 Bettwanzen treiben in Frankreich ihr Unwesen
8:00 [Handball] Lena Kirtz : «On a vraiment hâte de jouer cette compétition»
8:00 L’Écosse contrainte à un triomphe roumain avant l’Irlande
7:15 Knapp 100.000 Mënsche geflücht: Kaum nach Armenier an der Regioun Bierg-Karabach
7:08 Boxe : accord trouvé pour le combat tant attendu entre Fury et Usyk
6:46 Le Nagorny Karabakh se vide de ses habitants arméniens
6:16 [Coupe de Luxembourg] Un tir groupé pour la BGL Ligue?