Op engem Bëschwee tëscht Rued/Ell an Uewerkolpech gouf op enger Längt vu 25 Meter illegal Dreck ofgetippt, dorënner Miwwelen oder z.B. och e Frigo.
D'Police krut dat e Freideg de Moie gemellt. Et konnt dann och festgestallt ginn, dass u verschiddene Géigestänn bewosst perséinlech Markéierungen ewech gemaach goufen, wat ënnersträicht, dass den Dreck bewosst illegal deponéiert gouf.
De Parquet gouf informéiert an d'Gemengeservicer goufen domat beoptraagt, den Dreck anzesammelen.
D'Police freet dann no eventuellen Zeien, déi an de leschten Deeg eppes Verdächteges gesinn hunn. Vue d'Quantitéit vum Dreck, muss een dovunner ausgoen, dass e puer mol e Gefier do de Knascht ofgelueden huet, oder e Gefier mat Unhänger am Asaz war.
All nëtzlech Informatioune si fir d'Police Atert um Tel.: (+352) 244 92 1000 oder via Mail op Police.ATERT@police.etat.lu.