Mat enger ganzer Partie Evenementer gëtt um Samschdeg an den USA un de 50. Joresdag vun der Moundlandung geduecht.

D'NASA organiséiert ënnert anerem Fester vun e puer Deeg zu Washington, Houston an zu Wapakoneta am Bundesstaat Ohio. Dat ass d'Heemecht vum éischten Mann um Mound, dem Neil Armstrong.

Schonn e Freideg huet den US-President Donald Trump déi zwee Apollo-11-Astronauten, déi nach liewen, de Michael Collins an de Buzz Aldrin am Wäissen Haus empfaangen.

An engem Reportage vum Pierre Weimerskirch e Samschdeg op RTL Télé Lëtzebuerg weise mer Iech, wéi d'Europäesch Weltraumagence 50 Joer no der éischter Moundlandung déi nächst Missiounen op den Äerdtrabant preparéiert.