Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Aart a Weis ze schaffen, muss sech änneren: Pirate fuerderen eng besser Aarbechtszäitflexibiliséierung

Eng Woch virun de Wale rifft d'Piratepartei nach emol dozou op, datt no Oktober d'Aart a Weis wéi zu Lëtzebuerg geschafft gëtt, muss adaptéiert ginn.

Generell géif ee méi Zäit op oder ënnerwee op d'Aarbecht verbréngen ewéi nach virun e puer Joer. Dat stéing net méi am Verhältnis par rapport zu wéi a villen aner Länner Familljen- a Beruffsliewe balancéiert gëtt. Et wier ee konkret géint eng Aarbechtszäitreduktioun. D'Produktivitéit vum Grand-Duché misst weider klammen, esou d'Piraten, soulaang et keen alternative Wirtschaftsmodell gëtt. Am Vierdergrond steet de Cadres mobiles – also moies méi fréi, respektiv owes méi spéit schaffen.

"Et ass nach ëmmer un der Entreprise selwer am Sozialdialog och mat sengen Employéeë fir de richtege Modell fir eng Entreprise ze fannen, wat och fonctionéiert. Do kann een e Patronat awer och incitéieren, gewësse Saachen ze maachen. Haut zum Beispill muss de Patron sech bedeelegen u Kommunikatiounskäschten an un Ausstattungskäschten an do kann een dem Patron vläicht erlaben déi ofzesetzen", esou den Tommy Klein, Kandidat fir d'Piraten am Zentrum.

Notamment esou den Télétravail fërderen. Fir déi aner da sollen d'Frais de déplacement forfaitaire, déi steierfräi sinn, dofir gehéicht ginn.

"Fir all déi Secteuren, déi keen Télétravail ubidde kënnen, an dat sinn der eng Jett zu Lëtzebuerg, wëlle mer d'Kilometerpauschal vun 99 op 115 Euro pro Unitéit eropsetzen", erkläert den Tommy Klein.

Weider ass et de Wonsch no engem gedeckelt Index: vun 3,5 Mol de Montant un, deen eng Persoun mat Mindestloun kritt (also Ronn 11.000 Euro). All Persoun driwwer kritt an deem Fall zum Beispill 263 Euro Index bäi.

"En Aarbechter, ob dat bei enger Fonction Publqiue ass, dat ass e Montant, wou ee sech erëmfënnt an een an eng héich Mëttelschicht erageet. Dat sinn déi Leit, déi all Dag schaffe ginn an déi sollen och am Kader-Index richteg ënnerstëtzt ginn", betount de Ben Polidori, Kandidat fir d'Piraten am Norden.

E steierfräie Mindestloun misst dat nächst Zil sinn, esou d'Piraten. Ofhängeg vun den Optioune Crédit d'impôt oder ugepasstem Steierbarème géif dat de Staat potentiell tëscht 300 Milliounen an 1,9 Milliarden Euro kaschten.