Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Abréch: Déi lescht Deeg waren nees Onéierlecher uechter d'Land ënnerwee

Kuerz no 4.40 Auer e Freideg de Moien hat d'Police een Abroch an ee Gefier an der Rue Gabriel Lippmann zu Bouneweg gemellt kritt.

E presuméierten Täter konnt am Kader vun enger Enquête lokaliséiert a gestallt ginn. E Protokoll gouf geschriwwen.

An der Stad an zu Diddeleng ass et da beim Versuch vun engem Abroch bliwwen. Géint 16.20 Auer en Donneschdeg hat d'Police ee versichten Abroch an der Rue d'Eich an der Stad gemellt kritt. Dobäi hat een Täter probéiert, fir d'Hannerdier vun engem Haus opzebriechen, wéi e vum Bewunner gestéiert gouf. Den Täter ass an onbekannt Richtung geflücht. D'Spueresécherung war op der Plaz an d'Enquête leeft.

An der Nuecht op e Freideg gouf da géint 2 Auer en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue Jean Eiffes zu Diddeleng gemellt. Dobäi goufen d'Täter och vun engem Bewunner iwwerrascht, ier se an onbekannt Richtung geflücht sinn.