Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Accident op der Autobunn: Camion op der A31 ëmgekippt

E Samschdeg de Moien huet et op der franséischer A31 gestaut. Schold war een Accident mat engem Camion.

Géint 10.45 Auer war et op der Autobunn an der Géigend vu Suuftgen op de Spueren a Richtung Lëtzebuerg an Diddenuewen zum Camionsaccident komm. De Camion war op der Säit op der Pannespuer leie bliwwen. Hei gouf kee blesséiert.

RTL

© Domingos Oliveira / RTL

Eng Persoun gouf dann e Samschdeg de Moie verwonnt, dat bei engem Accident zu Hamm. Géint 5.30 Auer waren hei zwee Autoen net laanschtenee komm.

Kuerz virun 11 Auer e Samschdeg de Moien hat nach an engem Haus an der Areler Strooss zu Pärel eng Gasfläsch Feier gefaangen. Et gouf kee verwonnt.