Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Alimentatioun an Distributioun: Et feelt u Personal a quasi alle Beruffer

Déi zoustänneg Federatioun hat e Mëttwoch mat der Adem zu Dummeldeng e cibléierten “Jobday” organiséiert.

9 Betriber aus dem Beräich Alimentatioun Distributioun hunn um Jobday a 40 verschidde Beruffer rekrutéiert. Si hunn ënner anerem Keessjeeë, Leit fir de Rayon, Metzler, Bäcker, Camionschauffeuren, Leit fir d’Logistik gesicht. Datt et u Mataarbechter feelt, wär net réischt zanter der Pandemie de Fall, erkläert de Georges Eischen, President vun der FLAD, der Federatioun vun der Alimentatioun an der Distributioun. Alleng bei him an der Provençale géifen aktuell 100 Plazen opstoen, bei am Ganzen 1.700 Mataarbechter.

"Mir hunn e globalen Trend, deen nach guer net richteg erkannt ass. Mir hunn en Taux de natalité, deen ze déif ass. Déi Leit, déi an d’Pensioun ginn, hu mer Krämpes ze ersetzen. An dat wäert sech elo nach acceleréieren.”

D’Betriber wären immens ënner Drock, fir d’Aarbecht nach gemaach ze kréien.

De cibléierten “Jobday” ass eng vu ville Pisten, fir Mataarbechter ze fannen. Eng aner sinn d’Formatiounen, déi deels och an Zesummenaarbecht mat der Adem ugebuede ginn.

D’Leit forméieren, géif Zäit kaschten, se op Dauer ze halen, wär net einfach. Esou de Georges Eischen. De Secteur wär och ëmmer méi mat Absenteismus geplot. Esou datt um Jobday um Mëttwoch net just Kandidate sech hu misse verkafen, mee och d’Betriber.

"On essaie de garantir un équilibre entre la vie privée et le travail. On transmet les horaires 4 semaines à l’avance. On travaille sur 5 jours par semaine. Ce sont des arguments qui font du poids aussi”, seet d’Marine Cardé, Responsabel vun de Ressources humaines bei Delhaize.

Eng 1.500 Kandidate waren e Mëttwoch um cibléierten Jobday zu Dummeldeng virstelleg ginn.