Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Am Alter vun 92 Joer: Franséische Schrëftsteller Gilles Perrault gestuerwen

RTL

© AFP Archivbild

Gilles Perrault, u sech Jacques Peyroles, war e franséische Journalist a Romancier.

De Schrëftsteller Gilles Perrault, dee sech an de 70er Jore mat der Verëffentlechung vun "Le pull-over rouge" fir d'Ofschafe vun der Doudesstrof agesat huet, ass lo am Alter vun 92 Joer gestuerwen.

Dat huet seng Famill der Noorichtenagence AFP géintiwwer confirméiert.

Hie war u sech Krimi-Auteur,  hat dunn awer e Buch erausbruecht, dat ganz skeptesch mam Urteel vun engem Mann ëmgaangen ass, deen zwee Joer virdru mat der Guillotine higeriicht gi war an u senger Schold zweiwele gelooss huet.

1981 gouf d'Doudesstrof du bei eisen Noperen ofgeschaaft.